Medezin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Medezin (v. lat.: ars medicina, Heelkonscht), befaasst sech mat der Gesondheet a mat der Virbeugung (Prophylaxe), Erkennung (Diagnostik), Behandlung (Therapie) an Heelung vu kiirperlechen a séilesche Krankheeten.
Zu de Beräicher vun der Medezin geheieren d'Humanmedezin, d'Veterinärmedezin an d'Phytomedezin.
D'Grondlagen vun der Medezin sinn Naturwëssenschaften, wéi d'Biologie, d'Chimie, d'Physik, souwéi d'Anatomie, d'Biochimie, d'Physiologie, d'Psychologie an d'Sozialwëssenschaften.
An der Humanmedezin gëtt eng grouss Unzuel vu Spezialiséierungen a Fachgebidder.