Wikipedia:MediaWiki 1.4
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An der Nuecht vum 23.12.2004 gouf e gréisseren Update vun der MediaWiki Software op Versioun 1.4 virgeholl. D'siichtbar Ännerungen sinn net esou offensichtlech wéi beim Wiessel op Wikipedia:MediaWiki 1.3. Haaptsächlech geet et em Vitessverbesserunge vun der Software, fir déi knapp Rechenzäit vun eise Servere besser ze notzen. Verschidden Ännerunge betreffen awer och eis Matschreiwer.
Ween emol op Special:Versioun kucke geet, wäert feststellen, datt et sech em d'Versioun 1.4Beta6 dréint. Daat heescht datt dës Versioun nach net ganz ausgeräift ass, an duerchaus Feeler kënnen dra sinn. Mir kënnen eise User dëse Beta-Test leider net erspueren, well nëmmen duerch den Alldagsgebrauch vun der Wikipedia kënnt och de leschte klenge Feeler un d'Liicht.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Logbuch-Säiten
D'Logbuch-Säiten ginn duerch eng Datebank-baséiert Léisung ersat. Daat huet de Virdeel, datt d'Log-Säiten net méi sou iwwerdriwwe grouss ginn, opwänneg archivéiert musse ginn a méi oder manner gréisser Problemen verursaachen. All Logs kënnen op Special:Log gekuckt ginn.
[Änneren] Astellbar Uewerflächesprooch
Bei den Astellungen vun de perséinleche "Preferenzen" kann ee sech selwer seng Sprooch astellen. Esou kéint een zum Beispill déi schwedesch Wikipedia mat lëtzebuergeschem Menu benotzen...
[Änneren] Thumbnails an de Kategorien
Biller déi an enger Kategorie stinn, ginn op dëser Kategoriesäit automatesch als Thumbnail ugewisen.
[Änneren] Special:Upload
Special:Upload huet zwee nei Felder wou een de Lizenzstatus an d'Source vum Bild kann aginn (awer net muss).
[Änneren] PubMed ID
Zanter der Versioun 1.4 vu WikiMedia ass ee verlinken vu PubMed ID elo méiglich. Beispill : PMID 10452438 am Artikel de:Vorhofflimmern (Diagnostik) op der däitscher Wikipedia.