Melbourne (Australien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
D'Skyline vu Melbourne | ||||
Bundesstaat | Viktoria | |||
Administratioun | Melbourne City Council | |||
Fläch | 1.705 km² | |||
Awunner | 3.384.671 (2005) | |||
Bevëlkerungsdicht | 1.985 Awunner/km² | |||
Stadglidderung | 31 Gemengen | |||
Staddeeler | 270 | |||
Geographesch Lag | 37° 49' S, 114° 57' E | |||
Stied - Bundesstaten |
Melbourne ass d'Haaptstad vu Viktoria dem gréisste Staat an Australien an ass déi zweetgréisste Stad an Australien. Et ass eng villsäiteg Stad, virun allem och beim Wieder. Laut enger Riedensaart kann een do 4 Joereszäiten an engem Dag erliewen. 140 Natioune wunnen zu Melbourne.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Melbourne leit am Südweste vun Australien, grenzt un d'Port Philipp Bucht an zitt sech an de Weste bis zum Yarra River hin. Et ass vun Norde bis Süden 70 km laang an huet vum Oste bis Weste iwwer 50 km. Melbourne ass an 31 Bezierker agedeelt an all Bezierk huet séin eegenen Buergermeeschter.
[Änneren] Geschichte
Melbourne gouf am Joer 1835 gegrënnt an huet séin Numm vum deemolege briteschen Premierminister Lord Melbourne. Grënner vun der Stad sinn den John Batman an den John Pascoe Fawker aus Tasmanien. 1851 ass zu Melbourne dat éischt Gold fonnt ginn. 1956 waren zu Melbourne d'Olympesch Spiller.
[Änneren] Bevëlkerung
Et liewen bis zu 3,4 Milliounen Léit zu Melbourne vun alle méigleche Nationen.
[Änneren] Klima
Melbourne huet 5,6 Sonnestonnen pro Dag an 147 Reendeeg am Joer.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Flinders Street Station: De Quai Nummer 1 vun der Flinders Street Station zielt zu dene längste vun der Welt an huet 708 Meter.
- Musée vu Melbourne
- Royal Botanic Garden
- Rialto Tower: di schéinste Geleegenheet sech Melbourne aus dem 55. Stack vum 253 Meter héijem Turm unzekuken
- Federation Square: Am Komplex dee vis-à-vis vun der Flinders Street Station ass, ass ëmmer vill lass. D´Architektur ass komplex an onregelméisseg an d´Gebai ass ronderem d´Marktplaz gebaut.
- St. Patricks Cathedral: Si ass dee schéinste Sakralbau vun Australien
- Atrium: D´Gebai um Federation Square ass eng rieseg Galerie aus Glas. Et war eent vun dene gréisste Bauprojekter vun Australien
- Melbourne Docklands: Fréier wou hei di al Hafenanlagen stungen entsteet e ganz neien a modernen Staddeel.