Moloch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Moloch oder Melekh (Kinnek) war eng Gottheet vun de Kanaaniter. Ursprénglech huet de Begrëff déi gliddech Hëtzt vun der Sonn am Héichsummer bezeechent awer och allgemeng d'Kraaft vum Feier dat souwuel zerstéiere wéi rengege kann. Spéider dann deen düstere Gott vum Krich.
De Moloch as als Stéier duergestallt ginn oder och mat Stéierkapp a mënschlechem Kierper. Him sin als Merci fir e Krich dee gewonn gi war Mënschenaffer duerbruecht ginn: net nëmmen d'Feinden déi a Gefaangeschaft gerode sinn, mee ganz besonnesch och Kanner.
D'Affer goufen der hueler Bildseil an d'Hänn geluecht, sinn dann no banne gerullt an an d'Feier gefall wou se da verbrannt sinn. Besonnesch zu Karthago war dese Molochdéngscht wäit verbreet. Mee och bei den Israeliten war de Moloch duerch de Salomo agefouert ginn.
Déi chrëschtlech Dämonologie gesäit am Moloch ee vun de gréisste Vertrieder vun den Dämonen. Dee schlechte Ruff deen duerch d'Bibel vermëttelt gouf hun aus him d'Inkarnatioun vum Monstrum wat onersättlech ass a Mënsche verschléngt. (vgl. Z.B. d'Ausdréck: "Moloch Groussstad", "bürokratesche Moloch")
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Bibel
An der hébräescher Iwwerliwwerung (als molek oder molak) vun der Bibel gëtt op e phönizescht Ritual Bezuch geholl no deem een d'Kanner duerch d'Feier geschéckt huet (Lev 18,21. 20,25; Dtn 12,31; 18,10), grad esou bei de Propheten Jeremia (7,31; 19,5) an Ezechiel (Ez 16,20f.). Aus dësem "Molek" ass dann déi griechesch Versioun "Moloch" ginn. (Kuckt och ënner "Kult").
[Änneren] Kult
De Moloch ass haaptsächlech zu Karthago an Tyros veréiert ginn. Laut réimesche Berichter huet d'Ritual vun der Verbrennung vu Neigebuerenen (wat als "Molk" bezeechent a besonnesch a schwéieren Zäite praktizéiert ginn ass) huet am phönizesche Karthago nach bestan bis zur Zäit vum Hannibal. Dëst ass och duerch archeologesch Ausgruewunge nogewise ginn.
Antike Berichter no ass de Moloch zu Karthago duerch eng grouss huel Statu aus Bronze mat Stéierkapp duergestallt ginn. Bannendran huet e Feier gebrannt wouduerch d'Statu rout gegloust huet. Déi neigebueren Affer sinn op d'Hänn vum Moloch plazéiert ginn a mëttels enger komplexer Mechanik sinn d'Hänn da bei de Mond geféiert ginn (sou wéi wann de Moloch d'Kanner géif friessen). D'Kand ass da bannendran an d'Feier gefall a verbrannt. D'Leit hu sech ronderëm d'Statu versammelt an hu gesongen fir esous d'Kreesch vum Kand ze iwwertéinen.
Och d'Israeliten sollen dëse Kult deelweis praktizéiert hunn (3. Mose 18,21; 20,2-4; 2. Könige 16,3) an zwar op der Afferplaz Thopeth (Feierplaz) am Hinnom-Dall (Ge-Hinnom) (2. Könige 23,10; 2. Chronik 33,6). Den Dall huet spéider als déi Plaz gegollt wou déif ënnert der Äerd déi gefalen Engelen a Frievler bestrooft gi sinn.
[Änneren] Entspriechungen
- Kronos
[Änneren] Literatur
- Gustave Flaubert: Salammbô (1862)