Munzen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Munshausen de: Munshausen |
|||||
Gemeng | Munzen | |||||
Buergermeeschter | Emile Eicher | |||||
Kanton | Klierf | |||||
Awunner | 166 | |||||
Fläch | 860 km² | |||||
Koordinaten | 50° 1’ 59’’ N, 6° 2’ 15’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 968 | |||||
Fläch (Gemeng) | 2.557 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Munzen ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen.
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Draufelt (Drauffelt)
- Maarnech (Marnach)
- Munzen (Munshausen)
- Rueder (Roder)
- Siwwenaler (Siebenaler)
[Änneren] Geographie
D'Gemeng Munzen läit am Nordoste vum Land. Nopeschgemenge sinn Housen am Süden, Kiischpelt an Eeschwëller am Südwesten, Klierf am Nordwesten an Hengischt am Norden. Am Osten mécht de Floss Our d'Grenz mat der Bundesrepublik Däitschland. D'Gemeng Munzen läit am Kanton Klierf an am Distrikt Dikrich.
D'Gemeng Munzen ass en Deel vum Éislek, dem lëtzebuerger Deel vun den Ardennen. D'Landschaft besteet aus fräie Plateauen op enger duerchschnëttlecher Héicht vu 500 m, déi vun enke Flossdäller duerchschnidde sinn. Di géi Häng vun de Flossdäller eegne sech éischter fir Bëscher, wougéint op de Plateauen Aker a Wisse sinn. Munzen, grad ewéi di meescht Gemengen an der Géigend, ass nach ëmmer staark ländlech geprägt.
D'Achs Housen-Hengischt, déi duerch Maarnich verleeft, ass d'Trennungslinn tëscht dem Becke vum Floss Clierf am Westen an dem Floss Our am Osten.
D'Gemeng Munzen huet eng Fläch vun 2.257 ha, wat 0,99 % vum lëtzebuerger Land ausmécht. D'Héicht iwwert dem Mieresspiggel läit tëscht 273 m am Dall vun der Our bei Ruedder a 544 m beim RTL-Sender um Schwaarzenhiwwel zu Maarnich. Draufelt läit am Dall vun der Clierf op 330 m, op där selwechter Héicht läit Siwwenaler am Dall vun der Pënsch. Uewen um Plateau leien d'Dierfer Munzen (455 m), Ruedder (485 m) a Maarnich (520 m).
[Änneren] Geschicht
D'Duerf Munzen ass zënter laangem wäit iwwert seng Grenzen eraus bekannt, besonnesch wéinst senger Kierch, där hir eelsten Deeler aus dem 13. Joerhonnert sinn, oder wéinst dem Haupeschmaart, dee bis an d'17. Joerhonnert zeréckgeet.
Munzen gouf eng éischte Kéier am Joer 839 ernimmt als Muniheistati in Arduenna. Aner Nimm waren 1404 Monshusen, 1417 Moinshuis, 1419 Muynshusen, 1527 Muentzhusen a 1598 Muntzhausen. Vum Joer 986 un a bis zum Enn vum Mëttelalter war Munzen zesumme mat Housen eng eenzeg Par, awer mat zwou getrennte Verwaltungen.
Munzen gehéiert zu den urspréngleche Gemengen, déi am Ufank vum 19. Joerhonnert entstane sinn. Am Ufank hunn ausser Munzen nach 6 Dierfer zur Gemeng gehéiert: Siwwenaler, Maarnich, Ruedder, Näidsen, Reiler an Ischpelt. 1813 koum Näidsen bei d'Gemeng Housen. 1823 koumen d'Dierfer Reiler an Ischpelt bei di nei Gemeng Klierf, déi no der Opléisung vun der Gemeng Wäicherdang entstanen ass. Draufelt, dat bis dohinn zu Wäicherdang gehéiert huet, koum bei d'Gemeng Munzen, déi zënterdeem onverännert blouf.
[Änneren] Wopen
De Wope vun der Gemeng Munzen gouf den 21. Oktober 1983 vum Gemengerot vu Munzen ugeholl.
Den Entworf ass vum Dr. J. Cl. Loutsch. D'Beschreiwung vum Wopen ass "vu gëllener Faarf mat engem rouden Hirschkapp mat engem schwaarze Kräiz driwwer; am ieweschten Deel rout mat dräi sëlwereche klenge Vullen ouni Schniewel a Patten".
[Änneren] Buergermeeschteren
- 1797 - 1813 : Pierre Gierrens
- 1813 - 1823 : Jean Molitor
- 1823 - 1835 : Damien Bocholtz
- 1835 - 1849 : Jean-Pierre Hamus
- 1849 - 1857 : Paul Meyers
- 1858 - 1887 : Jean-Pierre Linkels
- 1888 - 1896 : Pierre Linden
- 1897 - 1900 : Mathias Hamus
- 1900 - 1908 : Pierre Freichel
- 1909 - 1931 : Théodore Boever
- 1932 - 1940 : Pierre Freichel
- 1945 : Joseph Thelen
- 1946 - 1957 : François Kneip
- 1958 - 1969 : François Hamus
- 1969 - 1971 : Jean-Pierre Boever
- 1971 - 1973 : Pierre Boever
- 1973 - 1975 : Jules Blasen
- 1976 - 1993 : Jean-Baptiste Stempel
- 1994 bis haut : Emile Eicher
[Änneren] Kuckeswäertes
- d'Parkierch vu Munzen (13. Joerhonnert bis 18. Joerhonnert)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Gemeng Munzen
- Wiederstatioun zu Draufelt
- De Klenge Maarnicher Festival
- Syndicat d'Initiative de la Commune de Munshausen asbl
- Syvicol