Naturschutzgebitt Deiwelskopp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Deiwelskopp ass en Naturschutzgebitt an der Gemeng Mompech. Am Hank iwwer der Sauer nord-westlech vun der Uertschaft Méischdref erstreckt sech e variéiert Gebitt mat kallekhaltegen Hallefdréchewisen, wouvu 60,98 ha zënter dem 2. Abrëll 2004 ënner Naturschutz stinn. Kondenséiert Loftfiichtegkeet, déi am Wanter heiansdo aus de Buedemfoue quëllt an am Volleksmond als Damp aus der Häll ugesi ginn ass, huet der Kopp hiren Numm ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geologie
[Änneren] Ökologie
[Änneren] Orchideeëléierpad
An Zesummenaarbecht mat Naturschutzorganisatiounen, der Gemeng Mompech an der frëndlecher Ënnerstëtzung vu Source Rosport ass am Joer 1996 en Orchideeëléierpad op engem 3 ha groussem Terrain op der Deiwelskopp amenagéiert ginn. De Pad, op deem d'Orchideeën an d'Heckeplanze mat Stiechetikette markéiert sinn, ass op engem Deelstéck vum Méischdrefer Circuit Auto-pédestre (117) ugeluecht an ass haaptsächlech während der Bléizäit tëscht Mëtt Mee an Enn Juni interessant. Mëtt Juni 2006 ass de Pad erneiert ginn.
[Änneren] Referenzen
- Brochure: Naturschutzgebiet Deiwelskopp - Vielfalt von Lebensräumen. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 2006.
- Depliant: Der Naturlehrpfad in Moersdorf - Naturschutzgebiet für Orchideen.
- Naturlehrpfad Deiwelskopp
- Deiwelskopp