Northwich Victoria FC
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Northwich Victoria FC (Spëtznimm The Vics an The Trickies) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Northwich am Cheshire. An der Saison 2006/07 spillt déi 1. Härenequippe an der Football Conference, der fënnefthéchster Spillklass am englesche Liga System, nodeems si aus der Conference North Divisioun opgestige sinn. De Veräin spillt seng Heemspiller am Victoria Stadium am Quartier Wincham.
De Veräin ass 1874 gegrënnt ginn a krut säin Numm zu Éiere vun der deemoleger englescher Kinnigin Victoria. Vun 1892 bis 1894 huet de Veräin an der Second Division, der eemoleger zweethéchster Spillklass an England gespillt, mee ass zanterhier an deene méi nidderege Ligen aktiv. 1884 stoung de Veräin an der Véierelsfinall vum FA Cup, wat bis ewell hiere gréissten Erfolleg duerstellt.