Ofkierzung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Ofkierzung bezeechent een déi verkierzte Form vun engem Wuert oder vun enger Wuertgrupp. Heizou gehéieren Akronymer, Kuerzwierder, Initialwierder a Buchstaweketten. Wat een elo ofkierzt, dat ass och gesellschaftlech bedingt. So erschéngen Ofkierzunge wéi HP fir Homepage als regional, national oder durch d'Textzort begrenzt.
Ofkierzungen entsti meeschtens an der Schrëftsprooch a fanne sech duerno an der Ëmgankssprooch erëm. Duerch de Gebrauch vun Ofkierzunge kann ee méi Informatiounen a méi kuerzer Zäit iwwermëttelen. Bäi engem iwwerdriwwen heefege Gebrauch vun Ofkierzungen riskéiert een awer, vu ville Leit net méi verstanen ze ginn. Dobäi kommen dann och nach d'Virwërf vu Sproochpuristen, déi doranner eng Vergewaltegung vun der Sprooch gesinn.
Ob eng Ofkierzung mat oder ouni Punkt geschriwwe gëtt, hängt bäi Wierder mat germanophonen Originnen am Prinzip dovunner of, ob se och ofgekierzt ausgeschwat gëtt. Bäi Wierder mat francophonen Originne gëtt meeschtens dono verfuer, ob de leschte Buschstaf vum ofgekierzte Wuert och ewechfällt oder net.
[Änneren] Beispiller
- Germanophon Ofkierzunge mat Punkt:
z.B., w.e.g., d.h., asw.
- Germanophon Ofkierzungen ouni Punkt:
UdSSR, ARD, NATO, GmbH
- Francophon Ofkierzunge mat Punkt:
M., S.A.
- Francophon Ofkierzungen ouni Punkt:
Mme, St, Ste, Me