Pafemillen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Cinqfontaines de: Fünfbrunnen |
|||
Gemeng | Wëntger | |||
Buergermeeschter | Marcel Thommes (CSV) | |||
Kanton | Klierf | |||
Awunner | ||||
Koordinaten | ° 50’ 6’’ 29, N° 6’ 0’’ 25 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Den Uert Pafemillen an der Gemeng Wëntger besteet eigentlech nëmmen aus dem Klouschter vun den Häerz-Jesu Pateren an dem Chalet Léon Dehon direkt niewendrun.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Klouschter
D'Klouschter ass am Joer 1903 vun däitschen Häerz-Jesu-Patere gebaut ginn.
Géint d'Enn an nom Zweete Weltkrich war d'Klouschter eng Zäit e Spidol fir amerikanesch Zaldoten.
Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Provenz vun de Pateren d'Klouschter iwerholl. Haut gi Retraiten do gehalen. Et sinn och vill Studenten, déi d'Rou vum Klouschter benotzen, an do fir hir Exame léieren.
[Änneren] D'Pafemillen am Zweete Weltkrich
Am Juli 1941 bestëmmt d'Gestapo, fir am opgeléiste Klouschter, dat entleeën an direkt un enger Eisebunnslinn läit, e jüdescht Altersheim anzeriichten. Do ginn esou eng 300 al a krank jüdesch Leit konzentréiert.
De 16. Oktober 1941 ass deen éischten Transport an de Ghetto vu Litzmanstadt. Am Abrëll 1942, am Juli 1943 an am Abrëll 1943 gi weider Transporter vun der Pafemillen a Richtung Belsen, Sobibor, Majdanek an Theresienstadt duerchgefouert.
Vum leschten Transport, am Juni 1943 mat 11 Persounen kënnt een Deel op Theresienstadt, en aneren mat krank Leit aus der Santé vun Ettelbréck, direkt op Auschwitz. Zwee vun deenen hunn iwwerlieft.
[Änneren] D'Monument
- Am Juli 1969 gouf e Monument ageweit, dat vum Lucien Wercollier entworf gi war, an dat un déi vun do verschleefte Judde sollt erënneren. Dragrawéiert sinn déi hebräesch Buchstawen (vun uewen no ënnen): taw (ת), nun (נ), sade (צ), beth (ב) an he (ה). Se stinn fir d'Ufanksbuchstawe vun de Wieder vun engem hebräesche Saatz deen op lëtzebuergesch heescht "Seng Séil soll verbonne si mat dem Bond vum éiwege Liewen".
- Den 3. Juli 2005 war beim Monument eng Erënnerungsfeier un d'Shoah zu Lëtzebuerg mat Aweiung vun engem Informatiounspanneau.