Palette vum Narmer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Palette vum Narmer ass e wichtegen archäologesche Fond aus der Zäit vun 3100 bis 3000 v. Chr., mat e puer vun deenen alléischten hieroglypheschen Inschriften iwwerhaapt.
De briteschen Archäolog James E. Quibell huet d'Palette 1898 bäi Ausgruewunge zu Hierakonpolis, der virdynastescher Haaptstad vun Ueweregpten, nach vëlleg intakt fonnt. Haut kann een d'Palette am Egyptesche Musee vu Kairo bewonneren.
Et handelt sech ëm eng rituell Schminkpalett vum egyptesche Kinnek Narmer, mat op zwou Säite Biller, déi d'Victoire vum Süden (Ueweregypten) iwwert den Norden (Ënneregypten) duerstelle sollen.
Um Verso: E Falken, den Horus, representéiert de Süden, deen op Papyrus, engem Symbol fir den Norden, steet, an deen eng Landmass mat Mënschekapp un engem Seel hält, wat d'Gefaangenschaft vum Norde bedeit. Ganz grouss gesäit een de Kinnek, mat der wäisser Kroun vun Ueweregypten, deen e Knëppel iwwert engem Prisonnéier schwéngt an iwwert zwee aner Prisonnéier steet, déi de niddergeschloene Feind symboliséiere sollen. Hannert dem Kinnek gesäit een en Dinger, deen seng Sandale dréit. Ganz uewen vun der Palette, tëschent Biller vun der Kougëttin Hathor, fënnt een den Numm vum Kinnek, zesummegesat aus den Hieroglyphen nar (e Fësch) an mr (chisel).
Um Recto si ganz uewen erëm zweemol d'Hathor mat dertëschent dem Numm vum Narmer. Drënner ass de Narmer selwer, dës Kéier mat der rouder Kroun vun Ënneregypten. Hannert him ass en Dinger mat senge Sandelen, a virun him fënnef Leit, véier dovunner mat enger Standart, a nach virdrunn dann zéng Feinden ouni Kapp. Dodrënner, an der Mëtt vun der Palette, sinn zwee Panther mat Schlaangenhielser, déi anenee verschlonge sinn: et kann een Uewer- an Ënneregypten net méi trennen. An der Mëtt ass eng ronn Ausbuchtung fir d'Schmink, déi gläichzäieg och d'Sonnescheif symboliséiere soll. Ganz ënne gesäit een de Kinnek a Form vun engem Stéier, deen eng Stad op d'Haren hëllt an e Feind zertrëppelt.