Pandora
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Pandora ass déi duerch Uerder vum Zeus vum Hephaistos éischt Fra déi geschaf ginn ass a sech duerch eng grouss Schéinheet ausgezeechent huet a vu ville Gëtter mat ville reizvolle Gawen ausgestatt ginn ass. Si ass vum Hermes op d'Äert bruecht ginn mat enger Béchs déi ausser der Hoffnung all Iwwel vun der Welt sollt enthalen.
D'Pandora sollt d'Mënschheet duerfier strofen dat de Prometheus d'Feier vun de Gëtter gestuel huet. Obwuel de Prometheus säi Brudder Epimetheus gewarnt huet, huet heen sech mam Pandora bestued. Déi huet och d'Béchs dunn opgemaach, wat heescht dat grousst Onheel op d'Mënschen erof komm ass. Nëmmen d'Hoffnung ass an der Béchs zréckbliwwen.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |