Peter Lohmeyer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Peter Lohmeyer gebuer den 21. Januar 1962 zu Niedermarsberg ass en däitsche Schauspiller.
De Peter Lohmeyer huet tëscht 1982 an 1984 op der Schauspielschule Bochum d'Schauspillerei geléiert. 1984 huet en am Schauspielhaus vu Bochum seng éischt Rolle gehat. Dono koumen Engagementer an den Theateren zu Düsseldorf, Stuttgart, Hamburg a Berlin. 1983 huet e seng éischt Roll an engem Tëleefilm gespillt, an 1988 (mat Tiger, Löwe und Panther) an engem Kinosfilm.
Hie gouf absëns bekannt fir seng Rollen an der Serie Die Straßen von Berlin (1995 bis 1998) an am Film Das Wunder von Bern (2003, vum Sönke Wortmann).
2006 hat en d'Haaptroll am Andy Bausch sengem Film Deepfrozen.
[Änneren] Gielecher
1998 krut de Lohmeyer d' Filmband in Gold fir Zugvögel - einmal nach Inari an 2000 de Bayeresche Fernsehpräis fir Der Elefant in meinem Bett.
[Änneren] Filmer (Auswiel)
- Deepfrozen (2006)
- Vineta (2006)
- Oktoberfest (2005)
- Am Tag als Bobby Ewing starb (2005)
- Der Boxer und die Friseuse (2004) (TV)
- Der Wunschbaum (2004) TV-Serie
- Das Wunder von Bern (2003)
- Vater braucht eine Frau (2002) (TV)
- Geld macht sexy (2002) (TV)
- Der Elefant in meinem Bett (2000) (TV)
- Pauls Reise (1999)
- Zugvögel - einmal nach Inari (1998)
- Nighthawks (1998)
- Obsession (1997)
- Kondom des Grauens (1996)
- Internationale Zone (1994)
- Kaspar Hauser (1993)
- Hausmänner (1991)* Neuner (1990)
- Spieler (1990)