Piet Keizer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Peter Johannes (Piet) Keizer (* 14. Juni 1943) ass e fréieren hollännesche Foussballist. Tëschent 1962 an 1974 huet hien a 34 Lännermätscher fir déi hollännesch Nationalequipe gespillt an dobäi eelef Goaler geschoss.
De Keizer war an de 60er a 70er Joren ee vun de beschte Spiller an Holland. Mat 17 Joer huet hien fir d’éischt am Kader vum Ajax Amsterdam gespillt an ee Joer méi spéid war en an der Nationalmanschaft.
Mam Ajax Amsterdam war de Keizer sechs mol Hollännesche Meeschter a fënnef mol Coupe-Gewënner. Tëschent 1972 an 1974 huet e mat sengem Veräin dräimol hannereneen d’ UEFA-Coupe vun de Landesmeeschtere gewonn an 1972 och d’Coupe du Monde.
De Keizer huet beim Ajax Amsterdam an 365 Mätscher matgespillt a steet domat op der 4. Plaz vun de meeschten Asätz am Veräin.