Politik vun Australien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Allgemeng
Séit 1996 ass eng Koalitiounsregierung zu Canberra un der Muecht. Si besteet aus der Liberaler Partei an der Nationaler Partei. Haut stellt Labour-Partei d'Oppositioun duer, déi virdrun 13 Joer laang regéiert huet. Premierminister ass den John Howard.
[Änneren] Regierungssystem
Grondsätzlech gläicht de System vun der australescher Regierungspolitik dem Modell vun der liberaler Demokratie Groussbritannien an Nordamerika. Si huet doniewent awer och eege Mierkmoler. D'Vollek wielt d'Parlament, dat an zwee gedeelt ass: d'Repräsententenhaus (House of Representatives) an den Senat (Senate) Déi Partei déi d'Mehrheet huet am Repräsententenhaus stellt d'Regierung. Ob Virschlag vun der Regierung ernennt Kinnigin Elisabeth II e Generalgouverneur. Dësen ernennt dann déi verschidde Ministeren déi him vum Premier virgeschloe ginn. Eng Legislaturperiod dauert maximum 3 Joer.
[Änneren] Wahlsystem
An Australien besteet Walpflicht. D'Repräsententenhaus an de Senat ginn no engem Präferenzsystem gewielt, woubäi all Kandidat enger Nummer ob all Walziedel zougeuerdent gëtt.