Pont de Namur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pont de Namur ass eng Eisebunnsbréck vun der Linn N° 40 zu Léck déi iwwer d’Ourthe geet, op der Héicht vun der rue de Paris. Et ass eng Balkebréck vun enger Längt vun ongeféier 150 m. a besteet aus dräi Deeler :
- Um lénksen Uwänner läit se op 2 Piliéren aus Hasteng, deen Deel gët vu Greyträgere gedroen a geet iwwer de Quai du Condroz.
- D’Mëttelstéck dat iwwer d’Ourthe geet besteet aus engem Fachwierkträger, a läit och op stenge Piliéren.
- Um rietsen Uwänner bestinn Trägeren aus Huelkëschten, an hei geet se iwwer d’Nationalstrooss N° 633 déi hei den Numm Quai des Ardennes huet.
Si steet tëschent dem Pont de Belle-Île an dem Pont de Fétinne