Pragmatesch Sanktioun (1713)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Pragmatesch Sanktioun gouf den 19. Abrëll 1713 vum Keeser Karl VI. opgesat, fir d'Ierffolleg no sengem Doud festzeleeën. Doranner gouf festgehal, datt d'Besëtztümer vun den Habsburger net opegedeelt kënne ginn, mee nëmmen als Ganzt weiderginn. D'Ierwin ass seng Duechter, d'Maria Theresia. D'Landtage vun den Habsbuerger Ierflänner an Ungarn hunn des Sanktioun akzeptéiert, an sou der Maria Theresia hir Ierfschaft geséchert.
Baussent Éisträich war d'Unerkennung awer nach laang net esou einfach. England huet d'Sanktioun zwar um Pabeier am Joer 1731 unerkannt, mee nom Doud vum Keeser gouf nawell ëm d'Ierfschaft vun der Maria Theresia gestridden. Sou kënnt et 1740 dann zum Éisträicheschen Ierfffollegkrich.
Besonnesch an der éisträichescher Historiographie (zemol virun 1918) gëlt d'Pragmatesch Sanktioun an hir Unerkennung duerch d'Länner als eigentleche Grënnungsakt vun der Habsburgermonarchie, well d'Länner domadder hire Wëllen zum Opbau vun engem gemeinsame Staatswiese weisen. Tatsächlech gouf et ausser der Pragmatescher Sanktioun zumindest bis zum Éisträichesch-Ungareschen Ausgläich vun 1867 kee Constitutiounsakt, dee festgeluegt huet dass d'Krounlänner zum gemeinsame Staat gehéieren.
Sou hat d'Pragmatesch Sanktioun bis 1918 en héige symbolesche Wert fir de Bestand vun der Donaumonarchie an der Dynastie un der Muecht.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Aner Pragmatesch Sanktiounen
- Maria Theresia vun Éisträich
- Éisträicheschen Ierffollegkrich
- Fridde vun Oochen