Réimesch Villa Borg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Réimesch Villa Borg läit tëschen den Uertschaften Oberleuken a Borg an der Gemeng Perl. D'Villa läit op engem Terrain, dee 7,4 Hektar grouss ass.
Als éischten huet de Schoulmeeschter vun Oberleuken, de Johann Schneider am Ufank vum 20. Joerhunnert op dem Gebitt wou haut d'Villa steet, Ausgruewunge gemeet.
Den 1. Abrëll 1986 hunn d'Aarbechten ugefaangen, déi derzou gefouert hun, datt haut déi nogebaute réimesch Villa zu Borg steet.