Richard vu Shrewsbury
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Richard vu Shrewsbury (* 17. August 1473 zu Shrewsbury, † 1483?), 1. Herzog vu York a vu Norfolk, as den zweeteelste Jong vum Edward IV. a vun deem senger Fra Elisabeth Woodville.
De Richard as de jéngere Brudder vum Prënz vu Wales a spéidere Kinnek Edward V. a kritt 1474 den Titel "Herzog vu York". Schonn am Alter vu véier Joer, de 15. Januar 1478, gëtt e mat der fënnef Joer aler Anne Mowbray, Ierwin vun den Herzoge vu Norfolk, bestued. Domat ka säi Papp elo och iwwert déi Ierfschaft verfügen. 1481 kritt de Richard zousätzlech den Titel "Herzog von Norfolk", woumat verschidde Leit, a méiglech Ierwe vun der Famill Mowbray, net averstan waren, besonnesch den John Howard. Am selwechte Joer stierft d'Anne Mowbray an de Richard as scho mat 8 Joer Wittmann.
Nom Doud vum Edward IV. de 9. Abrëll 1483 gët dem Richard säi Brudder Kinnek als Edward V. an de Richard selwer Trounfolger. Et kënnt awer séier zu Ausenanersetzungen an der Famill well de Robert Stillington, de Bëschof vu Bath and Wells behaapt huet datt den Edward IV. sech 1461 heemlech mat der Lady Eleanor Talbot, der Duechter vum Grof vu Shrewsbury, bestued hat. Well si 1464 zum Zäitpunkt vum Bestiednis tëscht dem Edward an der Elizabeth Woodville nach gelieft huet, huet de Conseil ënnert dem Richard Plantagenet, 1. Herzog vu Gloucester decidéiert datt dat e Fall vu Bigamie wier an dat zweet Bestiednis domat ongëlteg wier. Domat sin och dem Edward seng Kanner als illegitim erklärt ginn a sinn de 25. Juni 1483 aus der Trounfolleg erausgeholl ginn.
De Richard Plantagenet ass dunn als Brudder vum Edward IV. neie Kinnek ginn als Richard den III.. Den Herzog vu York ass vun him Mëtt 1483 an den Tower geschéckt ginn. Wat duerno mat him a sengem Brudder geschitt ass, ass nach just Spekulatioun. Et si nach Skeletter am Tower fonnt ginn, mee et ass ni eppes bewise ginn.