Robert Alesch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Robert Alesch, gebuer zu Uespelt, an higeriicht de 25. Januar 1949 am Fort de Montrouge am Frankräich war e franséische kathoulesche Paschtouer.
De Paschtouer Robert Alesch huet am Zweete Weltkrich am Frankräich munneg Resistenzler bei der Nazidäitscher Militärspionage ugeschass, an dofir Suen agestach. Eng Rei Resistenzler, déi bei den Alesch beichte waren, kruten et op déi Manéier mat der Gestapo ze dinn.
Ënner deene waren d' Germaine Tillion, déi an d'Lager Ravensbrück verschleeft gouf. D'Resistenzgrupp Gloria SMH, an där de Samuel Beckett an deem säi Frënd Alfred Péron war, gouf vum Paschtouer Alesch infiltréiert an un d'Nazi-Okkupante verroden.
Nom Kirch huet den Alesch sech op Bréissel verzunn. E gouf u Frankräich ausgeliwwert, zum Doud veruerteelt, an de 25. Januar 1949 am Fort Monrouge erschoss.