Rout Haus (Tréier)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Nieft der Steipe steet an der Dietrichstrooss zu Tréier dat no senger rouder Sandsteefassade benanntent Rout Haus.
1684 huet den Doumsekretär a Bäckermeeschter Johann Wilhelm Polch dëst Haus vum Wolfgang Struppeler opriichte gelooss. Dat am Zweete Weltkrich zerstéiert Gebai an tëscht 1968 an 1970 nees opgebaut, ass een interessanten dräistäckege Bau aus der Renaissance mat engem zweestäckege fréibarocke Giewel. D'Aschrëft
PERSTET ET AETERNA PACE FRUATUR. AMEN
iwwert de Fënstere vum éischte Stack gëllt der So no, datt Tréier 1300 Joer eeler als Roum soll sinn. Eng zweet deit op den Hl. Antonius, de Schutzpatroun vum Haus. Seng Skulptur befënnt sech um zweete Stack an enger Nisch tëscht de Fënsteren op der Fassade a staamt aus dem spéidem 17. Joerhonnert vun engem Tréierer Kënschtler.