Schlass Schengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Schengener Schlass gouf 1390 gebaut. Et gouf awer, bis op den Tuerm, dee bis haut am uersprénglechen Zoustand erhaalen ass, 1812 zerstéiert. Am 19. Joerhonnert gouf d'Schlass nees opgebaut, zum gréissten Deel aus Material vum fréiere Schlass. Den 13. September 1871 war de franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo do op Besuch. Eng Zeechnung vum Schlass, déi hie gemaach huet, ass erhalen. 1939 hunn d'Nonne vu Ste. Elisabeth d'Schlass iwwerholl; haut kann et fir Kongresser a Seminairë gelount ginn.
Just nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.