Schwanen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
Höckerchwanen (Cygnus olor) | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Vullen | ||||
Uerdnung : | Gänsevullen | ||||
Famill : | Intevullen | ||||
Ënnerfamill : | Gänsen | ||||
Tribus : | Schwanen | ||||
|
|||||
Cygnini | |||||
|
|||||
|
Schwanen (Cygnini) ass den Numm vun enger Tribus déi zwou Vullegattungen ëmfaasst: d'Coscorobaschwanen an d'Echt Schwanen. Dës Tribus gehéiert zur Famill vun den Intevullen an do zur Ënnerfamill vun de Gänsen.
D'Plaume vun de Schwanen sinn entweder reng wäiss oder eng Mëschung vu schwaarz a wäiss. Tëscht Männchen a Weibchen gëtt et keng nennenswäert Ënnerscheeder an der Zeechnung.
Am Verglach mat de Gänsen ënnerscheede se sech duerch e méi laangen Hals, deen hinnen d' Gründelen am méi déiwe Waasser erméiglecht, an d'Kierpergréisst, déi se zu deene gréisste Waasservulle mécht. D'Spanwäit vun hire Flilleke ka bis zu zwee Meeter laang sinn an hiert d'Gewiicht iwwer 15 Kilo erausgoen. D'Been dogéint si relativ kuerz, sou datt d'Déieren u Land éischter schwéierfälleg wierken. Mee dofir hu se eng kräfteg Fluchmuskulatur a kënnen e puer Dausend Kilometer fléien op hirem Fluch op déi Gebidder, an der nërdlecher Hallefkugel, wou se bréien .
Hir Hickecht geet vun deenen zwee Elterendeeler zesumme groussgezunn. Si bleiwe bis zu engem Joer mat hire Jonken zesummen.
An Däitschland wéi an Italien ass am Februar 2006 de geféierlechen H5N1-Virus bei Wëllschwanen diagnostizéiert ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] De Schwan an der Literatur
[Änneren] Am Mäerchen
- Am Hans Christian Andersen sengem Märchen Déi wëll Schwanen
- Am Hans Christian Andersen sengem Märchen Déi elle jonk Int
[Änneren] De Schwan an der Mythologie
[Änneren] De Schwan an der irescher Mythologie
[Änneren] De Schwan an der griichescher Mythologie
Den Zeus, a Form vun engem Schwan, verféiert d' Leda, d'Fra vum Tyndareos dem Kinnek vu Sparta.