Sebastián Aguilera de Heredia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sebastián Aguilera de Heredia, gedeeft de 15. August 1561 zu Saragossa a Spuenien, an do gestuerwen de 16. Dezember 1627 war e spueneschen Organist, Komponist a Geeschtlechen.
[Änneren] Säi Liewen
Seng Carrière huet 1585 ugefaang, wéi den Aguilera an der Kathedral vun Huesca Organist gouf. De 29. September 1603 gouf hien zum Geeschtleche geweit an e krut zu Saragossa d'Plaz vum Haaptorganist an der Kierch La Seo. 1620 huet hie säi Schüler José Ximenez, dee méi spéit säi Nofolger gouf, zu sengem Ramplassang ernannt.
[Änneren] Seng Wierker
- Canticum Beatissimae Virginis deiparae Mariae (1618), doranner 36 verschidde Magnificaten fir véier, fënnef, sechs oder aacht Stëmmen.
- Pange lingua a tres sobre tiple.
- Obra de 8. tono: Ensalada e Stéck am Genre vum Quodlibet.