Sektor Gasa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sektor Gasa (Сектор Газа) ass eng russesch Punkgrupp vu Woronesch, déi 1987 vum Bandleader Juri Nikolajewitsch Klinskich (genannt "Choi") gegrënnt gouf. Den Numm ass eng Uspillung op eng Industriezon aus der Stad, déi am Geck no der palästinesescher Gasasträif benannt gouf, deer hiren Numm op Russesch bal wéi "Gaskummer" kléngt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Band
Ausser dem Klinskich selwer huet d'Besetzung vun der Grupp stänneg geännert:
- Juri "Choi" Klinskich, Gesank, Texter a Musek
- Igor "Kuschtsch" Kuschtschew, Gittar - 1989-1991
- Semjon Titijewskij, Bassgittar - 1988-1991
- Sergej Tupikin, Gittar, Bassgittar - 1989-1992
- Alexander Jakuschtschew, Percussioun - 1989-1998
- Tatjana Fatejewa, Gesank - 1990 - 1993
- Wladimir Lobanow, Gittar (just bäi Concerten) - 1991-1992
- Igor "Egor" Schirnow (Chernyi obelisk, Rondo), Gittar (just op Albumen) 1992-2000
- Wadim Gluchow, Gittar (just bäi Concerten) - 1993-2000
- Igor "Kot" Anikejew, Keyboard (just bäi Concerten) - 1995-2000
- Wasilij Tschernych, Gittar (just bäi Concerten) - 1995-1997
- Valerij Podsorow, Bassgittar - 1997
[Änneren] Geschicht
Enn der 1980er Joren huet den einfache Fabrikoarbechter Klinskich mat e puer Kollegen ënnert dem Numm "Sektor Gasa" ugefaangen a klenge Rockclibb ze spillen. Hir experimentell Punkmusek ass gutt bäi hirem Public ukomm a geschwënn drop si se iwwert d'Grenze vu Woronesch eraus bekannt ginn. Vun de Massemedie goufe se awer trotz hirem Erfolleg komplett ignoréiert, wat och iergendwéi verständlech war, well egal op hir Lidder elo vu Politik oder Zombien a Vampiren gehandelt hunn oder Interpretatioune vu russesche Vollekslidder oder Rockballade waren - d'Texter ware fir gewéinlech extrem vulgär.
Am Alter vun nëmme 36 Joer ass de Klinskich un engem Häerzinfarkt gestuerwen, wat d'Enn vu senger Grupp bedeit huet. Et gouf zwar nach de Versuch vu verschiddene Bandmemberen, ënnert dem Numm "Ex Sektor Gasa", spéider "Woronesch", e Revival ze versichen, mee déi Grupp ass ni esou bekannt gi wéi d'Original.
[Änneren] Discographie
- 1989 – 1. Album – Сектор Газа (Gaskummer)
- 1989 – 2. Album – Колхозный панк (Punk aus der Kolchos)
- 1990 – 3. Album – Ядрена Вошь (Gäil Laus)
- 1990 – 4. Album – Зловещие мертвецы (Freechlesch Läichen)
- 1991 – 5. Album – Ночь перед рождеством (Spéit op Hellegowend)
- 1992 – 6. Album – Гуляй мужик (Looss dech goen, Mann)
- 1993 – 7. Album – Нажми на газ (Gëff Gas)
- 1994 – 8. Album – Танцы после порева (Dänz nom Gäisselen)
- 1994 – 9. Album – Кащей бессмертный (Kaschtschej, den Onstierflechen) – Punk-Oper aus ëmgetextete Coverversiounen
- 1996 – 10. Album – Газовая атака (Gasugrëff) – eenzegen Album ouni Obszönitéiten
- 1997 – 11. Album – Наркологический университет миллионов (Narkologesch Universitéit vun de Milliounen)
- 2000 – 12. Album – Восставший из ада (Zréckkomm aus der Hell) – ass eréischt e puer Wochen nom Doud vum Klinskich erauskomm
Aner Opnamen:
- Album ouni Numm – inoffiziell Concertsopnam (Bootleg)
- Избранное I (Best of I)
- Избранное II (Best of II)
- Коллекциа – Albumen 1-11 mat all Kéiers engem Techno-Remix vum A. Brjanzew (DJ Krot) als Bonustrack
- Стёб-хаус remix '99 – inoffiziell Sammlung vun den Techno-Remixen op enger CD
- Extasy – weider Techno-Remixe vum DJ Krot
- Баллады – roueg Rockballaden, haaptsächlech aus dem Album 10