Sennen-Ballade
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Sennen-Ballade |
Produktiounsland: | Schwäiz |
Produktiounsjoer: | 1996 |
Dauer: | 100 Minutten |
Originalsprooch: | Schwäitzerdäitsch |
Equipe | |
Regie: | Erich Langjahr |
Dréibuch: | Erich Langjahr |
Kamera: | Erich Langjahr |
Musek: | |
Produzent: | Langjahr Film GmbH |
Haaptacteuren | |
Sennen-Ballade. Das Sennenleben der Familie Meile auf einer Alp im Säntisgebiet ass en Dokumentarfilm vum Schwäizer Regisseur Erich Langjahr, (* 1944 zu Baar an der Schwäiz).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Den Dokumentarfilm beschreift en Deel vum Liewe vun der Bauerefamill Meile aus dem Toggenburg an der Schwäiz.
Am Juni ginn d'Kéi op d'Alm gedriwwen. Dräi Méint lieft de Bauer mat der Famill op der Alm. E versuergt seng Kéi, Geessen a Schwäin, mécht Kéis, asw. Am September ginn d'Kéi erëm an den Dall erofgedriwwen. An am Wanter lieft d'Famill am Dall.
De Film weist Biller déi och ouni Kommentar staark op den Zuschauer wierken.
Jorelaang huet de Langjahr Schwäizer Bauere gefilmt. Doraus ass no an no eng Trilogie vu Laangfilmer entstan:
- Sennen-Ballade (1996)
- Bauernkrieg (1998)
- Hirtenreise ins dritte Jahrtausend (2002)
[Änneren] Wat sot d'Press?
Bei diesem Hundert-Minuten-Film geniesst man jenes erotische Schauvergnügen, das einen unablässig bitten macht: Lass es jetzt nicht aufhören! Der bescheiden "Sennen-Ballade" genannte Film über die landmännisch-praktische und alemannisch-volkskünstlerische Arbeit einer Alpbauernfamilie ist in Wahrheit ein opulentes Filmepos über die Würde menschlicher Tätigkeit in respektvoll akzeptierter Natur. (Leipzigs Neue, Roman Vinkowski)
Die grobe, schwielige Hand des Sennen, die die zerbrechlichen Kühlein und Hündchen aus weissem Holz zärtlich streichelnd zuschneidet, gehört zu den magischen Momenten. Wie die Teile der SENNEN-BALLADE - erst Frühling und Sommer, dann Herbst und Winter - einander bedingen, beleuchten, erläutern und erweitern, das hat schon lange kein Eidgenosse mehr mit soviel simpler Wirksamkeit zuwege gebracht. (Filmbulletin, Pierre Lachat)
[Änneren] Filmpräisser
- Spezialpräiss vum Däitsche Bundesumweltministerium
- "Mention spéciale" vum Jury vun der FIPRESCI beim 39. Internationalen Leipziger Dokumentarfilm Festival 1996