Sergei Josifowitsch Jutkewitsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sergei Josifowitsch Jutkewitsch (Сергей Иосифович Юткевич), gebuer de 15. September 1904 zu Sankt Petersburg, a gestuerwen de 24. Abrëll 1985 zu Moskau, war e russesche Filmregisseur.
Säin éischte Film, bei deem hie Regie gefouert huet, war den Dajosch radio! e Stommfilm vun 33 Minutte Längt mam Boris Poslavsky.
A sengem leschte Film Lenin v Parische ("De Lenin zu Paräis") vun 1980, dee sech ëm dem Lenin säi Paräis-Openthalt dréint, spillen de Juri Kajurow de Lenin, d'Claude Jade d'Roll vun der Inessa Armand.
Weider Filmer:
- 1938: Человек с ружьем ("De Mann mam Gewier")
- 1953: Великий воин Албании Скандербег ("De grousse Kämpfer vun Albanien Skanderbeg")
- 1955: Отелло ("Othello")
- 1957: Рассказы о Ленине ("Erziel mer vum Lenin")
- 1966: Ленин в Польше ("De Lenin a Polen")
- 1969: Сюжет для небольшого рассказа ("E Sujet fir eng kleng Erzielung")
- 1981: Ленин в Париже ("De Lenin zu Paräis")