Spaghettisläffel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Spaghettisläffel ass e Kichegeschir, dat derzou déngt, Spaghetti oder och aner Nuddelen aus enger Schossel oder aus engem Dëppen ze huelen, fir se op en Teller ze leeën.
Dat Besonnescht un dem Läffel ass datt en am Fong e Lach huet duerch dat Wasser oflafe kann, an een d'Nudelen sou och direkt aus dem Kachewaasser huele kann.
Wann dës Läffelen aus Metall sinn, wat meeschtens de Fall ass, sinn se aus Inox oder aus Cromargan hirgestallt.