Trebisonda Valla
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Trebisonda Valla gebuer den 20. Mee 1916 zu Bologna an Italien, a gestuerwen de 16. Oktober 2006 zu L'Aquila war eng italienesch Liichathletin an Olympiagewënnerin am 80-Meter-Hürdelaf.
Si huet schonns mat 13 Joer zu deene beschten Athletinne vun Italien gezielt. Mat 14 Joer gouf si Landesmeeschterin a koum an d'Nationalequipe.Si huet an de Joren duerno e puer nei Weltrekorder opgestallt an och Italienesch Landesmeeschterschaften nach e puer Mol gewonnen.
Hiere gréisste Succès war wéi si op den XI. Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin den 80 m Hürdelaf virun der Däitscher Anni Steuer (Sëlwer), an der Kanadierin Elizabeth Taylor-Campbell (Bronze) gewonnen huet.