Tunnel René Konen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Tunnel René Konen, fréier Hellege-Geescht-Tunnel, ass e Stroossentunnel an der Stad Lëtzebuerg.
Den 18. Juni 1988 gouf en offiziell ageweit.
E féiert ënner der Alstad erduerch, an dat vun der Passerelle bis an den Eecherbierg. En huet eng Längt vun 638,5m / 719 m (?) an ass zweespuereg am Sens-unique.
Den Numm Tunnel René Konen krut den Tunnel eréischt duerch Arrêté ministeriel vum deemolege Minister fir ëffentlech Aarbechten, Robert Goebbels vum 5. November 1998. Benannt ass en nom fréieren DP-Politiker a Bauteminister René Konen.
Duerch den Tunnel féiert Nationalstrooss N57.