Un flic
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Plakat feelt nach
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Un flic |
Produktiounsland: | Frankräich |
Produktiounsjoer: | 1972 |
Dauer: | 105 Minutten |
Originalsprooch: | Franséisch |
Equipe | |
Regie: | Jean-Pierre Melville |
Dréibuch: | Jean-Pierre Melville |
Kamera: | Walter Wottitz |
Musek: | Michel Colombier |
Produzent: | Robert Dorfman |
Haaptacteuren | |
Alain Delon als Coleman Richard Crenna als Simon Catherine Deneuve als Cathy Riccardo Cucciola als Paul Weber Paul Crauchet als Morand Simone Valère als Madame Weber Jean Desailly als e besseren Här |
Un flic ass e franséische Film vum Jean-Pierre Melville aus dem Joer 1972.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Zu Saint-Jean-de-Monts gëtt eng Bank vun der Band vum Simon (Richard Crenna), engem Barbesëtzer, iwerfall. D'Sue sollen dozou dingen, Drogen ze finanzéieren. De Kommissär Coleman (Alain Delon), deen de Simon gutt kennt, soll den Iwerfall opklären.
De Jean-Pierre Melville leet an dësen Film, deen eng ganz komplizéiert Geschicht huet, wuel esou vill Wäert op d'Form ewéi op den Inhalt.
D'Acteuren am Film si perfekt agesat. Wat nach opfält, d'Catherine Deneuve huet bal eng Stommfilmroll, si schwätzt nëmmen e puer Wuert am ganze Film.
[Änneren] De Film an de Medien
"Director Jean-Pierre Melville's final film is an interesting exercise in minimalism. The sets, while stylish and modern, are immaculate and spare, almost sterile. Melville doesn't let things like dialogue slow his characters down; it is kept to an absolute minimum, made up mostly of short, nearly monosyllabic sentences."(DVD-Verdict)