Urban III. (Poopst)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Urban III. (* em 1120 a Mailand), mam biergerleche Numm Uberto Crivelli war vum 25. November 1185 bis zu sengem Doud (20. Oktober 1187), Poopst vu der Kathoulescher Kierch. Den Numm Urban bedäit: de Stadter (Latäin).
Als Member vun enger Mailänner Famill stoung hien, wéi déi meescht Lombarden an Oppositioun zum Keeser Friedrich I. Barbarossa. Am Joer 1168 ass hien zum Archidiakon vu Burges a Mailand, dono zum Bëschof vu Vercelli an de 9. Januar 1185 zum Äerzbëschof vu Mailand geweit ginn.
Den 25. November 1185 gouf e zu Verona als Nofolger vum Poopst Lucius III. gewielt, deen de selwechten Dag gestuerwe war. Säin Amt als Äerzbëschof vu Mailand huet en iwwerdeems behalen.
Seng Versich, mam Keeser a friddlech Gespréicher ze kommen, hate keen Erfolleg. Beim Bestiednes vum Costanza mam Throunfolger Heinrech VI. a Mailand huet e sech vu zwee Kardineel vertriede gelooss. Wéi d'Stad Cremona, mam Wësse vum Poopst, géint de Keeser revoltéiert huet, gouf se vum Barbarossa ënnerworf, dee mat der Ënnerstëtzung vu der däitscher Geeschtlechkeet ëffentlech de Poopst fir den Opstand verantwortlech gemaach hunn.
Nodeems den Aflossberäich vum Poopst bal nëmme nach op Verona beschränkt war, huet hien am Sträit mat der weltlecher Muecht noginn an ass op Venedeg gereest, wou sech grad zu deem Ament d'Kräizfuerer versammelt hunn. De Heinrech VI. hat zu dëser Zäit déi ganz Lombardei ënnerworf.
Den 20. Oktober 1187 ass den Urban III. zu Ferrara gestuerwen. De Verloscht vu Jerusalem un de Sultan Saladin (2. Oktober 1187) soll de Grond fir säin Doud sinn.
[Änneren] Um Spaweck
Virgänger | Nofolger | |
---|---|---|
Lucius III. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Gregor VIII. |