Vereente Federatioun vun de Planéiten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Fernsehserie oder aus de Star Trek-Filmer. |
D'Emblem vun de Vereente Föderatioun vun de Planéiten |
|
President: | Jaresh Inyo (2372- circa 2375) |
Haaptstad: | Äerd: De Büro vum Föderatiouns- president ass zu Paräis, Starfleet Command a San Francisco |
Sprooch: | Englesch, gemengerhand gëtt awer den Universal Translator benotzt |
Grënnungsjoer: | 2161 |
Währung: | Credit |
D'Grënnunsgzeremonie vun der Vereente Föderatioun vun de Planéiten, 2161 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Aféierung
D'Vereente Federatioun vun de Planéiten (eng.: United Federation of Planets, de.: Vereinigte Föderation der Planeten), och kuerz Federatioun genannt, ass eng interstellar Allianz vu planetaresche Regierungen an Kolonieen, déi sech gréisstendeels am Alpha Quadrant befënnt.
Déi verschidde Memberen hu sech zu enger Federatioun zesummegeschloss, fir eng friddlech Koexistenz, gemeinsamen Handel, Wëssenschaft, Verdeedegung a virun allem Erkundung vun neie Welten ze organiséieren. Den Territoire vun der Federatioun ëmfaasst Dozende vu Sektoren am Alpha- a Beta-Quadrant, mat enger Ausdehnung vu méi wéi 8.000 Liichtjoren. Am Joer 2375 ginn et iwwert 150 Memberwelten an iwwert 1000 deelautonom Kolonieen. Vill vun de momentane Memberwelten ware fréier mënschlech Kolonien, wat haut de Grond dofir ass, datt d'Mënschen de gréissten Deel vun der Starfleet ausmaachen.
[Änneren] Geschicht
D'Federatioun gouf am Joer 2161 op der Äerd zu San Francisco kuerz virum Enn vum Ierdesch-Romulaneschen Krich gegrënnt. D'Grënnungsmembere waren hei d'Vulkanier, d'Andorianer, d'Tellariten an d'Mënschen. Zur selwechter Zäit gouf eng nei Verdeedegungs- a Wëssenschaftsverwaltung gegrënnt, déi aus dem Militär vun den eenzelne Memberwelten a virun allem vun der Äerd-Starfleet bestanen huet. Dës Verdeedegungs- an Wëssenschaftsverwaltung ass haut ënnert dem Numm Starfleet bekannt.
[Änneren] D'Föderatioun am Krich
[Änneren] D'Borg-Kris
Am Joer 2367 koum et bei Wolf 359, engem Stäresystem, dat sech ongeféier 8 Liichtjoren vun der Äerd entfernt befënnt, zu enger vun de folgereichsten Konfrontatiounen an der Geschicht vun der Föderatioun. D'Borg Kollektiv, eng Rass vu kybernetsche Liewewiesen (Liewewiesen, déi zu engem Deel Humanoid, zu engem aaneren Deel Roboter sin), waren hei d'Agressoren an wollten d'Föderatioun als gréissten Muecht am Alpha Quadranten zerschloen, fir selwer e Fouss an den Alpha Quadrant ze kréien. Bei Wolf 359 sin dausende vu Schëffer an dausende vu Liewen ausgeläscht gin.
[Änneren] Den Dominion-Krich
Ugangs den 2370er Joren gouf am bajoranesche Sektor, an deem d'Föderatioun d'Stärebasis Deep Space Nine ënnerhällt, e Wuermlach entdeckt, dat am Gamma Quadrant e stabilt Enn huet. Sou koum et och zu engem Éischte Kontakt mam Dominion, der stärkster Muecht am Gamma Quadrant. D'Dominion, en Imperium dat nëmmen op d'Vergréisserung vum eegenen Territoire beduecht ass, huet séier mat der Cardassianescher Unioun e Krichsbündnis geschloss an zesummen di aaner Muechten vum Alpha Quadrant ugegraff. Dëst war eng vun den gréissten Krisen an der Geschicht vun der Föderatioun, virun allem wann een bedenkt, datt d'Födertioun d'Verloschter bei der Schluecht bei Wolf 359 nach net konnt opschaffen. D'Föderatioun, souwéi hier Alliéiert d'Klingonen an d'Romulaner, huet hei dausenden vu Schëffer a milliounen vu Liewen verluer.
[Änneren] D'Géigner an d'Verbëndeter vun der Föderatioun
Zënter hirem Bestoen hat d'Föderatioun eng Rei vu Géigespiller. Hei eng Lëscht vun de Völker mam Diplomatesche Status, deen d'Föderatioun dem jeweilege Vollek géigeniwwer huet:
- Romulaner (alliéiert)
- Klingonen (alliéiert a Frëndschaftspakt)
- Cardassianer (Besatzungsmuecht, Netugrëffspakt)
- Dominioin (Besatzungsmuecht)
- Borg (onbekannt)
- Ferengi (Frëndschaftspakt)
[Änneren] Organer vun der Föderatioun
D'Föderatioun ass a verschidden Organer ënnerdeelt. Zu dësen Organer gehéieren zum Beispill:
- Archäologesche Rot
- Astronomesche Comitee (gehéiert zum Starfleet Command)
- Büro fir Agrikultur
- Büro fir d'Industrialiséierung
- Department fir d'Kartographie (gehéiert zum Starfleet Command)
- Daystrom Institute (Technescht Institut fir d'Computerfuerschung, speziell um Gebidd vum LCARS
- Diplomatesch Corps
- Pressedingscht
- Starfleet
- Starfleet Uewerkommando
- Starfleet Akademie
- Starfleet Geheimdéngscht
- Starfleet Sëcherheetsdéngscht
- Starfleet Ingenieurscorps
- Medezinesche Corps vu Starfleet
- Informatiounsdéngscht vu Starfleet
[Änneren] Links
[Änneren] Intern Links
- Star Trek
- Lëscht vun de Star Trek-Volleken
- Linguacode
[Änneren] Extern Links
|
|||
Aaamazzariten - Andorianer (Grënnungsmember) - Androsaner - Antedeaner - Anticaner - Antosianer - Arbazan - Arcadianer - Arcturianer - Ardanans - Argellianer - Ariolo - Arkeniten - Atreaner - Bandi - Benziten - Berellianer - Berengarianer - Betazoiden - Betelgeusianer - Bolianer - Bynaren - Bzzit Khaht - Caitianer - Centauren - Coridaniten - Cygnetianer - Deltaner - Efrosianer - El Gatarkaner - Elaysianer - Grazeriten - Halii - Mënschen/Terraner (Grënnungsmember) - K'normianer - Kalandraner - Kasheeta - Kazariten - Klaestronianer - Ktarianer - Medusaner - Megariten - Napeaner - Peliar Zellianer - Ramatianer - Rhaandariten - Rigellianer - Saurianer - Selay - Shamin Priests - Tellariten (Grënnungsmember) - Tessen - Tiburiten - Trill - Ullianer - Vulkanier (Grënnungsmember) - Xelatianer - Zakdorn - Zaldaner - Zaraniten |