Vernon A. Walters
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vernon Anthony Walters gebuer den 3. Januar 1917 zu New York, a gestuerwen den 10. Februar 2002 zu West Palm Beach, Florida, war en US-amerikaneschen Zaldot, Geheimdéngschtmann an Diplomat. Hien huet iwwer fënnef Joerzéngten fir aacht verschidde Presidente vun den USA, als antikommunistesche Kämpfer während dem Kale Krich geschafft. Am Ufank war en Exekutant a spéider huet en d’Pläng opgestallt fir oppen a verdeckten Operatiounen an der ganzer Welt.
Bekannt gouf hien awer eréischt am leschten Drëttel vu senger Carriére, wéi hie vun 1972 – 1976 Sous-Direkter bei der CIA gouf, a vun 1985 – 1989 Ambassadeur vun den USA bei der UNO, a vun 1989 bis 1991 Ambassadeur an Däitschland war.