Viaduc vu Millau
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Viaduc vu Millau ass eng Bréck a Frankräich am Departement Aveyron. De 14. Dezember 2004 gouf se vum franséische President Jacques Chirac fir de Verkéier opgemeet. Et ass di héichst a längst Schréiseelbréck vun der Welt.
[Änneren] Laag
D’Bréck läit op der A75 déi vu Paräis op Barcelona geet op dem Deel tëschent Clermont-Ferrand a Béziers no bei der aler franséischer Stad Millau. Si geet iwwer den Tarn.
[Änneren] Entworf
D’Pläng an d’Projeten fir d’Streck hun 20 Joer gebraucht, d’technescht Konzept an den Entworf vun der Bréck si vum franséischen Ingenieur Michel Virolgeux, d’archtektounesch Gestaltung ass vum engleschen Architekt Lord Norman Foster. De Bau huet am Oktober 2001 ugefaang.