Virgilius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Virgilius vu Salzbuerg, gebuer ëm 700 an Irland; a gestuerwen de 27. November 784 zu Salzbuerg war en hellege Bëschof vun der Diözes Salzbuerg.
[Änneren] Säi Liewen
De Virgilius staamt aus enger irescher adleger Famill, an huet do Feirgil geheescht. Seng Ausbildung huet hien am Klouschter Iona kritt.
Mat zwéin Unhänger ass hien am Joer 743 als Missionär bei de Kinnek Pippin III. vu Franken, deen hien 745 bei den Herzog Odilo no Bayern geschéckt huet, zu dem deemools och Salzbuerg gehéiert huet. Am selwechte Joer gouf hien Abt vum Klouschter Sankt Peter an huet Diözes Salzbuerg geleet. De Virgilius stellt och nach eng richteg Usiicht iwwer d’Gestalt vun der Äerd op. D’Bëschofsweih huet hie erréischt de 15. Juni 749 oder 755 empfang.
Wéinst enger Deefformel koum et zum Sträit mat dem Bonifatius. Well de Virgil d’Antipodenléier vertrueden huet, gouf hien esouguer der Ketzerei verdächtegt. A béide Fäll huet sech de Poopst fir de Virgil entscheed.
Hien huet de Modestus an de Libellus virun 767 fir Missionéierung a Kärnten geschéckt, a konnt doduerch d’Diözesegebitt vergréisseren a gëtt och Apostel Kärntens genannt.
Zu Salzbuerg léisst hien eng Kathedral bauen, déi hien de 24. September 774 (oder 784) dem hl. Rupert vu Salzbuerg weihte.
De Virgilius gouf den 18. Juni 1233 helleg gesprach. Am Joer 1288 gouf him en Altor am Salzbuerger Dom opgeriicht, wou hien zënterhier begruewe läit.
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Literatur
- Heinrich Dopsch (Hrsg.): Virgil von Salzburg, Missionar und Gelehrter. Beitr. d. internat. Symposiums. Amt d. Salzburger Landesreg., Salzburg 1985
- Heinz Dopsch: "Virgil(ius) von Salzburg", in: Lexikon der Heiligen und der Heiligenverehrung. 3. Band. Herder, Freiburg i. B. 2003, ISBN 3-451-28193-7
- Thomas Forstner: "Der heilige Virgil", in: Ihr Freunde Gottes allzugleich
- Franz Pagitz: "Virgil als Bauherr der Salzburger Dome", in: Mitteilungen der Gesellschaft für Salzburger Landeskunde. 1969