Vitznau-Rigi-Zännradbunn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Vitznau-Rigi-Zännradbunn ass eng Schwäizer Normalspur-Zännradbunn, déi vu Vitznau op de Rigi fiert.
[Änneren] Geschicht
D' Vitznau-Rigi-Bunn war déi éischt Zännradbunn an Europa.
Si gouf vum Niklaus Riggenbach gebaut, an ass den 21. Mee 1871 ageweit ginn. Fir d’éischt ass si vu Vitznau bis op Rigi-Staffelhöhe gefuer. Vun 1873 un ass si bis op Rigi Kulm (1752 m i. d. M.) verlängert ginn.
1937 ass d’Bunn elektrifizéiert ginn.