Volleksglawen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Volleksglawe bezeechent den Ensembel vun deem wat eng Populatioun (e Vollek) gleeft, d.h. net datt jiddereen aus deer Populatioun alles gleeft wat de Volleksglawen ausmécht, mee gemengt sinn déi Glawensinhalter déi an deer Popualtioun wäit verbreet sinn. Datt vu Populatioun geschwat gëtt weist drop hin, datt Volleksglawen eng méi oder manner staark lokal Ausprägung huet. Weider hänkt säin Inhalt natierlech vun deer Relioun of déi an der concernéierter Regioun majoritär ass.
Volleksglawe regroupéiert souwuel d'Volleksfrëmmegkeet wéi och Awerglawen (par Rapport zu der Relioun aus der concernéierter Géigend).