Walt Whitman Rostow
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Walt Whitman Rostow (* 7. Oktober 1916 zu New York, † 13. Februar 2003 zu Austin, Texas) ass een US-amerikaneschen Historiker an Economist. Bekannt ginn ass hien duerch seng Theorien iwwert de Wirtschaftswuesstum, déi hien op der Grondlag vun den Aarbeschte vum Colin Clark verfeinert an ausgebaut huet. Senger Theorie no entwéckelt eng Economie sech an Etappen, vun der Etapp vun der Ënnerëntwécklung bis hin zur Konsumgesellschaft, der Gesellschaft vum Massenkonsum. Hie beschreift d'Conditiounen, déi erfëllt musse sinn, fir datt an engem Land d'Economie den take off erreecht an duerchstart.
Hie war och e bekannten Beroder vum John F. Kennedy an dem Robert McNamara.
[Änneren] Säi Wierk
Hei e puer vu sengen Publikatiounen:
- The Stages of Economic Growth: A non-communist manifesto, 1960.
- Politics and the Stages of Growth, 1971.
- How it All Began: Origins of the modern economy, 1975.
- The World Economy: History and prospect, 1978.
Seng Publikatiounen sin a vill Sproochen iwwersat ginn. Wichteg ass a franséischer Sprooch:
- W.W. Rostow: Les étapes de la croissance économique, Editions du Seuil, Paräis, 1960