Walter Stoeckel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Walter Stoeckel (* 14. Mäerz 1871 zu Adlig Klein-Stobingen bäi Insterburg, Ostpreisen; † 12. Februar 1961) war en däitsche Gynäkolog a Gebuertshëllefspezialist.
Heen huet e gudden Deel zum Opbau vun enger fortschrëttlecher Fraeklinik un der Berliner Charité ufanks der 1930er Jore bäigedroen a war 25 Joer laang Professer vu sengem Fachgebitt. Zu senge wëssenschaftlechen Aarbechte gehéiert d'Verbesserung vum operativen Eraushuele vum Uterus, dat ë.a. no him Schauta/Stoeckel-Operatioun genannt gouf.