Wilhelmina vun Holland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wilhelmina Helena Pauline Maria (* 31. August 1880 zu Den Haag; † 28. November 1962 um Schlass Het Loo), Prinzessin vun Oranien-Nassau, war Kinnigin vun Holland vun 1890 bis 1948. Vun 1890 bis 1898 war hier Mamm Regentin, 1898 ass d'Wilhelmina fir groussjährig erklärt gin an huet selwer d'Regéirungsgeschäfter iwwerholl.
Si war d'Duechter vum Kinnek Wëllem III. an der Emma vu Waldeck-Pyrmont. Si war mam Heinrich Herzog vu Mecklenburg-Schwerin bestued. 1948 huet si zugonschten vun hierer Duechter Juliana aafgedankt. Während den zwéi Weltkricher war si am Exil an England.