Wirtschaftsunioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Wirtschaftsunioun ass en Zesummenschléissen vun zwee oder méi Länner, déi wéi an enger Zollunioun, keng Taxen op de gemeinsame Grenzen erhiewen, e gemeisamen Zolltarif op de Baussegrenzen akraaft setzen, an déi nach méi wäit ginn, wéi bei enger Zollunioun, doduerch, datt si och nach hir Wirtschaftspolitiken harmoniséieren.
D'Schafung vun enger Wirtschaftsunioun geschitt aus der Usiicht eraus, dat haut an eise komplexe Wirtschaftssystemer eng Zollunioun aleng net méi duergeet, fir de fräie Verkéier tëschent den Uniounslänner sëcherzestellen.
D'Schafung vun enger Wirtschaftsunioun op europäeschem Niveau ass de Beweis, datt d'Wirtschaftsreim ëmmer méi grouss musse ginn, fir de modernen, wirtschaftspoliteschen Exigenzen ze ëntspriechen.