Yeovil Town FC
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Yeovil Town FC (Spëtznumm The Glovers) ass en englesche Foussballveräin zu Yeovil am Somerset. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2006/07 an der Football League One, der drëtthéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Huish Park Stadion.
De Veräin gouf 1895 gegrënnt. Si hunn ëmmer an den ënneschten Divisioune vum englesche Foussball gespillt, bis se 2003 endlech an déi deemoleg Division Three, dee Moment déi véierhéchst Spillklass am englesche Liga System opgestige sinn, an 2 Joer dono nach en Niveau geklomme sinn. Um Enn vun der Saison 2005/06 waren se hei op der 15. Plaz, wat och bis ewell hier héchste Positioun am englesche Foussball war. 1949 ware si am 5. Tour vum FA Cup, bis ewell hier bescht Leeschtung an där Competitioun.