Yonne (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Yonne | |
D'Yonne zu Auxerre | |
Statut | {{{14}}} |
Längt | 293 km |
Héicht vun der Quell | 405 m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | 10.887 km² |
Leeft duerch | Frankräich |
Mündung | Seine |
Breet vun der Mündung | 95 |
Floss - Hydrologie |
D'Yonne ass e Floss a Frankräich, deen haaptsächlech an der Bourgogne leeft. Se ass dee wichtegste lénksen Niewefloss vun der Seine.
[Änneren] Geographie
D'Yonne entspréngt am Morvan-Massiv, südëstlech vu Château-Chinon, an engem Bëschmassif bei Le Pont-Charrot Si leeft vu do aus no Norden an no engem Laf vu ronn 12 km fiddert se de Stauséi vu Pannecière-Chaumard.
Vu Sardy-lès-Épiry un leeft se parallel mat dem Canal du Nivernais duerch Clamecy, laanscht Coulanges-sur-Yonne.
Vu Vincelles bis op Auxerre ass se da selwer en Deel vum Kanal, mat Schleise bei Vaux-sur-Yonne, Champs-sur-Yonne, Vaux, Augy an Auxerre (2). Vun Auxerre leeft se da weider bis op Montereau-Fault-Yonne (Seine-et-Marne) wou se an d'Seine leeft.
Geographesch gekuckt leeft do d'Seine an d'Yonne, well d'Yonne méi en héigen Debit huet.
D'Yonne huet a Verbindung mat dem Canal du Nivernais eng grouss Roll fir Paräis gespillt, well op hir eng grouss Parti vum Brennholz fir d'Haaptstad gefléist gouf. 1923 ass dat lescht Floss vu Clamecy a Richtung Paräis fortgaangen.
Den Numm kéim vum Keltesche Ica-Onna (béid Wierder bezéie sech op Waasser), wat een haut nach an der Bezeechnung Icaunais fir d'Awunner vum Departement erëmfënnt.
[Änneren] Departementer a gréisser Stied, duerch déi d'Yonne leeft
- Nièvre (58) : Corbigny, Clamecy
- Yonne (89) : Auxerre, Joigny, Sens, Pont-sur-Yonne
- Seine et Marne (77): Montereau-Fault-Yonne
[Änneren] Nieweflëss
|
|
|
|
|
|
|
[Änneren] Hydrologie
Wéinst hirem méi héijen Debit wéi d'Seine ass d'Yonne am Fong den Haaptfloss vum Paräisser Baseng.
[Änneren] Navigatioun
Op 108 km, vun Auxerre bis Montereau ka mam Schëff gefuer ginn. Et gi 26 Schleisen. D'Yonne ass duerch de Kanal vun der Bourgogne mat der Saône, an duerch de Canal du Nivernais mat der Loire verbonnen.