Zimier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Zimier (franséisch "cimier", englesch "crest") ass den Numm fir eng Mëttelalterlech Helm-Dekoratioun. An der Heraldik gëtt de Begrëff heinsdo, am Platz vum Wuert Timbre, fir de ganzen Helm mat senger Dekoratioun benotzt.
[Änneren] Geschicht
Deen eischten dokumenteierten mëttelalterleschen Zimier as deen um Sigel vum Grof Baudouin IX. vu Flandern em'd Jöer 1197 wou e klénge Léiw (kréichend, "lion passant") um Helm steet.
Kuerz dono verbreet sech de Gebrauch vun Zimieren, suwuel an der Realitäit duerch West Europa. Speziell am Hëllege Réimesche Räich ginn d'Zimieren schnell en Zeechen vun der Ritterschaft an hiere Famillen.
Béi de Lëtzebuerger Grofe kënne mër mam Heinrich VII. sëngem Sigel aus dem Jöer 1297 fier'd eischt esou een Zimier, deen e befligelten Drach (d'Melusina) deen aus ënger Biitche klëmmt duerstëllt, noweisen. Ab dem Jang de Blannen dröen dann d'Grofen den Traditionellen Béimeschen Zimier vun engem puer schwarzer Flilekken déi mat gëllene Lanneblieder verziert sinn (un vol de sable semé de feuilles de tilleul d'or).
[Änneren] Bibliographie
- Manuel du Blason, D. L. Galbreath, Léon Jéquier
- Armorial du pays de Luxembourg, Dr. Jean-Claude Loutsch