Zolwer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Soleuvre de: Zolwer |
|||
Gemeng | Suessem | |||
Buergermeeschter | Georges Engel (LSAP) | |||
Kanton | Esch-Uelzecht | |||
Awunner | 4.900 | |||
Koordinaten | ° 49’ 31’’ 21, N° 5’ 56’’ 12 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Zolwer ass eng Uertschaft an der Gemeng Suessem.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschichtleches
Zolwer ass déi Uertschaft, déi an der Suessemer Gemeng am fréisten ernimmt gëtt. Am Oktober 793 schenkt d'Famill Garbannus-Ratsint dem Iechternacher Klouschter "ihren ganzen Besidtz im Wawergau, in der Nähe des Kastells mit dem Namen Zolveren, in der Villa, die Hagenen genannt wird." U sech ass Zolwer also den Numm fir d'Buerg um Zolwerknapp, éier e fir d'Duerf gebraucht gëtt. Et ass net ganz kloer, ob den Numm elo vum Germaneschen oder vum Keltesch-galloréimeschen hierkënnt.
Fréier Nimm sin:
- Zolveren, 793
- Zolvere, 1135
- Zolveren, 1192
- Soloeure, 1236
- Celobrio, 1236
- Soulueur, 1387
- Solueuvre, 1387
D'Bedeitung vum Uertsnumm ass u sech nach ëmmer onkloer. Ët gëtt awer ugeholl, datt en e kelteschen Uersprong huet an Iwwersaat Sonnebierg bedäite kënnt.
[Änneren] Koppen an Hiwwelen
- Zolwerknapp
- Pakebierg
[Änneren] Schlässer, Buergen a Ruinen
- Buerg Zolwer, Zolwerknapp