1940
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1940.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 12. Mäerz: De Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich ass fäerdeg. Dat klengt Finnland muss zwar verschidde Géigenden un d'Russen oftrieden, mee bleift ee souveräne Staat. Vum 22. Juni 1941 un zéien d'Finne mat den däitschen Zaldoten géint d'Sowjetunioun an de Krich.
- 9. Abrëll: Däitschland iwwerfällt déi neutral Länner Dänemark an Norwegen.
- 10. Abrëll: Dänemark kapituléiert.
- 10. Mee: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaang.
- 10. Juni: Nodeems déi franséisch an englesch Truppen Norwegen verlooss hunn, kapituléiert Norwegen virun der däitscher Arméi.
- 10. Juni: Italien trëtt un der Säit vun Nazi-Däitschland an de Krich an, a gräift Süd-Frankräich unn.
- 14. Juni: Däitsch Truppe besetze Paräis.
- 15. Juni: Sowjetesch Truppe besetze Litauen, Lettland an Estland.
- 22. Juni: De Krich a Frankräich ass eriwwer. D'Fransousen ënnerschreiwen e Waffestëllstand mat dem Däitsche Räich.
- 13. August: D'Loftschluecht ëm England fänkt un.
- 27. September: Den Dräierpakt tëschent Däitschland, Italien a Japan ass offiziell ënnerschriwwe ginn.
- 28. Oktober : Italien erkläert Griicheland de Krich. Italienesch Truppe gräife vun Albanien aus Griicheland un.
- November : Ungarn, Rumänien an d'Slowakei trieden dem Dräierpakt bäi.
[Änneren] Afrika
[Änneren] Amerika
- 13. November: Zu Montreal a Kanada forméiert d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg eng Exilregierung.
[Änneren] USA
- 15. Mee: Déi éischt Nylons-Strëmp kommen an Amerika op de Maart.
- 5. November: De Roosevelt gëtt fir déi drëtte Kéier amerikanesche President.
[Änneren] Südamerika
[Änneren] Asien
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Arabesch Welt
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
[Änneren] Musek
[Änneren] Kino
- 28. Mäerz : Dem Alfred Hitchcock säi Film Rebecca feiert zu New York Première.
- 15. Oktober: Dem Charly Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 13. November : De Film Fantasia vum Walt Disney kennt eraus.
[Änneren] Sport
- 21. Abrëll : Den Tour de France gëtt ofgesot.
- 3. Mee : Den IOC annuléiert d'Olympesch Spiller.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
- De russesche Pilot Igor Sikorsky erfënnt den Helikopter.
- 7. Mäerz : D'Luxuspassagéierschëff Queen Elizabeth leeft um Enn vu senger Jungfernfahrt zu New York an den Hafen eran.
- 31. Mäerz : Zu New York gëtt dee modernste Fluchhafe vun der Welt, de La Guardia Airport opgemeet.
[Änneren] Gebuer
- 27. Januar: Harry Kümel, belschen Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.
- 28. Januar: Guido Bachmann, schwäizeresche Schrëftsteller.
- 19. Februar: Saparmyrat Nyyazow, turkmeneschen Diktator.
- 5. Mäerz: François Colling, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 12. Mäerz: Claude Fontaine, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 15. Mäerz: Hans Hirschmüller, Regisseur, Auteur a Schauspiller.
- 2. Abrëll: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker, Sportler a Sportsfonktionnär.
- 7. Abrëll: René Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 15. Abrëll: Sabine Sun, franséisch Schauspillerin.
- 6. Mee: Emile Angel, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 25. Mee: Roger Kieffer, lëtzebuergesche Moler.
- 3. Juli: Peer Raben, däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.
- 7. Juli: Ringo Starr, britesche Museker.
- 24. Juli: Faustino Cima (Fausti), lëtzebuergeschen Entertainer.
- 25. August: José van Dam, belsche Bass-Baritonsänger.
- 5. Oktober: Joseph Kohnen, lëtzebuergesche Literaturfuerscher a -kritiker.
- 9. Oktober: John Lennon, britesche Museker, Komponist an Auteur.
- 20. Oktober: Kathy Kirby, britesch Popsängerin.
- 28. Oktober: Paul Helminger, lëtzebuergesche Politiker.
- 11. November: Louis Pilot, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. November: Qabus ibn Said, Sultan vun Oman.
- 15. Dezember: Barbara Valentin, éisträichesch Schauspillerin.
[Änneren] Gestuerwen
- 20. Januar: Joseph Gredt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Philosoph.
- 29. Februar: Aage, Prënz vun Dänemark.
- 26. Abrëll: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 24. Juni: Alfred Fowler, engleschen Astronom.
- 29. Juni: Paul Klee, däitsche Moler.
- 21. August: Leo Trotzki, russesche Revolutionär.
- 17. Oktober: Lucien Linden, belsche Botaniker.
- 8. November: Arthur Vierendeel, belsche Bauingenieur.
- 9. November: Neville Chamberlain, britesche Politiker.
- 2. Dezember: Nikolaus Warker, lëtzebuergeschen Erzéier, Seeërchessammler a Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Batty Weber, lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller.