Benotzer:Zinneke
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
-
-
-
- Turpe est hominem Luxemburgensem res domesticas ignorare.
-
- François-Xavier Wurth-Paquet, in: Hauptthatsachen der Luxemburger Geschichte.
-
- Turpe est hominem Luxemburgensem res domesticas ignorare.
-
-
De Zinneke ass e gebiertegen Escher, deen et berufflech an d'Belsch Haaptstad verschloen huet.
Meng Intresse si wäit gespreet, dofir sprange meng Artikele monter vun Hippches op Haapches. Se si gewéinlech iwwer Themen, déi op déi eng oder aner Manéier mat Lëtzebuerg ze dinn hunn, well ech an der lb:Wikipedia en eemolegt Mëttel gesinn, Informatiounen iwwer Land a Leit a soss vill méi endlech op enger Plaz einfach a mat e puer Klicken am Internet fannen ze kënnen.
A well ech net zu deene gehéieren, déi drop woarden, dass vläit een enges Daags et schreiwe kinnt, schreiwen ech alt selwer monter mat.
Wat dat mer bréngt?
- Et léiert ee méi iwwert Geschicht a Politik a soss glunge Saache wéi a sénger ganzer Schoul- an Uniscarrière;
- Et verbréngt een déi Zäit, wou ee sech soss virun enger Tëlee zouflimmere gelooss huet, op eng méi kreativ, produktiv a spannend Aart a Weis;
- Niewebäi léiert een an 't gewinnt een sech drunn, endlech emol seng Sprooch uerdentlech ze schreiwen.
Wann Der mer Norichte wëllt hannerloosen, da maacht dat w.e.gl. op menger Diskussiounssäit (uewe klicken). Wann Der net wëllt, dass d'hallef Welt ka matliesen, da klickt lénks ënnen, an der Geschirkëscht, op "Dësem Benotzer eng E-mail schécken".