Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 28. Abrëll ass den 118. Dag (119. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1758: James Monroe, 5. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1874: Karl Kraus, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1908: Oskar Schindler, däitschen Industriellen.
- 1923: Michel Breithoff, lëtzebuergesche Moler.
- 1928: Eugene Shoemaker, US-amerikaneschen Astronom.
- 1937: Saddam Hussein, President vum Irak 1979-2003.
- 1943: Jacques Dutronc, franséische Sänger a Schauspiller.
- 1944: Jacques Wirion, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1949: Sonia Welter, lëtzebuergesch Sculpteuse.
- 1948: Terry Pratchett, englesche Schrëftsteller.
- 1945: Benito Mussolini, faschisteschen Diktator (Duce) vun Italien 1922-1945.
- 1989: Géza von Cziffra, ungaresch-däitsche Regisseur a Dréibuchauteur.
- 1992: Francis Bacon (Moler), iresche Moler.
- 2000: Edmond Goergen, lëtzebuergeschen Zeechner a Moler.
- 2005: Percy Heath, US-amerikaneschen Jazz-Bassist.
- 2007: Carl Friedrich von Weizsäcker, däitsche Physiker, Philosoph a Friddensfuerscher.