ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Affär Dreyfus - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Affär Dreyfus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Als Affär Dreyfus gouf de Fall vum jiddeschen Artilleriehaaptmann aus dem Elsass Alfred Dreyfus bekannt, deen an der Troisième République Enn des 19. Joerhonnerts wéinst angeblecher Spionage zu Verbannung an Haft verurteelt gi war.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschichtlechen Hannergrond

Degradéierung vum Dreyfus
Degradéierung vum Dreyfus

Déi éischt Affär Dreyfus ass dem Clemenceau no eng Spionage-Affär a "militäresch Ongerechtegkeet". Mir befannen eis am Kader vun der Modernisatioun vun de Waffen tëscht Frankräich an Däitschland. An dësem Kontext komme franséisch Geheimagenten am September 1894 u militäresch Informatiounen, déi vun engem franséischen Offizéier un déi Däitsch geschéckt gi woren. Direkt gëtt de Kapitän Alfred Dreyfus, 35 Joer al, verdächtegt, e Judd an Éischten Offizéier vum État major dee fir de Bureau vun der Géigespionage schafft. D'Enquête geet séier iwwert d'Bühn, an den Dreyfus, op deen Drock ausgeübt gëtt, gëtt de 15. Oktober festgeholl. Just bevir hien virum Militärgeriicht erschénge soll, erhalen d'Riichter e mysteriéise geheimen Dossier mat engem Billjet wou "cette canaille de D..." dropsteet. Nach bevir sech d'Riichter beroden, fänkt d'antisemitesch Press ënnert dem Édouard Drumont eng Hetzcampagne géint d'Judden an der Arméi un. An engem Interview am Figaro vum 28. November erkläert de Krichsminister Auguste Mercier dass d'Beweislag géint den Dreyfus erdréckend ass. D'Resultat vun dësem Drock op alle Plazen ass d'Verurteelung vum jiddesche Kapitän zur militärescher Degradatioun an der Deportatioun vum Paräisser Conseil de guerre den 22. Dezember. No der publiker Degradatioun am Haff vun den Invalides de 5. Januar 1895 gëtt den Dreyfus op d'Däiwelsinsel (Franséisch-Guyane) bruecht, wou hien de 14. Abrëll ukënnt.

Zu dëser Zäit ass d'Quasi-Totalitéit vun der Press an der ëffentlecher Meenung vun der Schold vum Dreyfus iwwerzeegt. De Kampf fir d'Wourecht opzedecken, dee vum Mathieu Dreyfus, Brudder vum Kapitän, a vum Schrëftsteller Bernard Lazare gefouert gëtt, stéisst sech un der Arméi an den ëffentlechen Ämter. Si kënnen awer d'Vertraue vum Lieutenant-Colonel Georges Picquart gewannen, deen de Bureau vum Géigespionage iwwerholl huet. Dëse fënnt am Mäerz 1896 eraus, datt de wierkleche Schëllege wuel de Kommandant Esterhazy ass. De Bernard Lazare léisst d'Bomm platzen, andeems hien zu Bréissel eng Brochure mam Titel Une erreur judiciaire. La vérité sur l'affaire Dreyfus erausbréngt (November 1896). Mee de Picquart, dee seng Virgesetzte vun der Schold vum Esterhazy informéiert huet, gouf kuerzerhand an Tunesie versat (Oktober 1896). Säin Nofolger, de Colonel Henry léisst e falscht Dokument hierstellen, wat dem Dreyfus seng Schold op en Neits beweise soll. De President vum Conseil Jules Méline deklaréiert an der Chamber: "Il n'y a pas d'affaire Dreyfus." (4. Dezember 1897) Schlussendlech gëtt den Esterhazy dann awer viru Geriicht bruecht, mee gëtt den 11. Januar 1898 fräigeschwat. Heimadder geet d'Affär Dreyfus eréischt richteg lass.

[Änneren] Frankräich an zwee gedeelt

J'accuse...! vum Zola
J'accuse...! vum Zola

Nom Fräisproch vum Esterhazy publizéiert de Schrëftsteller Émile Zola e Manifest mam Titel J'accuse an der Zeitung L'Aurore vum Clemenceau. Heiranner denoncéiert hien d'Arméi, d'Justiz an de politesche Pouvoir. Hie gëtt wéinst Diffamatioun vum Krichsministerium ugeklot (23. Februar) mee säin Engagement war de Katalysator fir dass d'Affär Dreyfus politesch Formen ugeholl huet. Et ass d'Entrée vun den Intellektuellen op der politescher Bühn, wéi de Clemenceau se an engem Editorial vum L'Aurore nennt. D'Press spillt hier ganz Muecht an dësem Kampf ëm d'ëffentlech Meenung aus. De L'Aurore multiplizéiert d'Artikelen, déi fir eng Revisioun vum Prozess sinn. Ähnleches fënnt een och am La Petite République vum Jean Jaurès, am La Fronde vun der Feministin Marguerite Durand oder am Le Figaro, déi eenzeg konservativ Zeitung déi sech op d'Säit vum Dreyfus gestallt huet.

Hir Géigner fannen sech an der antisemitescher (La Libre Parole), an der nationalistescher (L'Intransigeant), an der geeschtlecher (La Croix) an an der grousser populärer Press (Le Petit Journal). Mee d'Journaliste sinn net déi eenzeg an dësem Kampf ëm d'Iddien. Perséinlechkeete wei Anatole France, Charles Péguy, Marcel Proust an André Gide ënnerschreiwen e Manifest zur Ënnerstëtzung am L'Aurore. Op der Säit vum Dreyfus befanne sech och Studente vun der École normale supérieure ënnert dem Lucien Herr, Professere vun der Sorbonne, der École des Chartes oder vum Collège de France. Am September 1898 grënnen d'Anti-Dreyfusarden d'Ligue de la Patrie française mat iwwer 150.000 Memberen, dorënner Maurice Barrès, François Coppé, Jules Verne, Frédéric Mistral. Vill Artiste woren och géint den Dreyfus (Cézanne, Degas, Rodin, Renoir oder Toulouse-Lautrec).

D'legislativ Wahle vum Mee 1898 sinn net vun der Affär beaflosst, well d'Majoritéit nach ëmmer vun der Schold vum Dreyfus iwwerzeegt ass. Bis am Juni 1899 bleiwen d'moderéiert Gouvernementer vum Méline, Brisson an Dupuy géint den Dreyfus. Ob Republikaner oder Monarchisten, d'Fransouse wëllen d'Éier vun der Arméi oprecht erhalen a sinn oft antisemitesch agestallt. D'Souskriptioun vum La Libre Parole fir d'Famill vum Kommandant Henry deen sech am Prisong ëmbruecht hat, nodeems seng Fälschung bekannt war, huet e grousse Succès. Bei de Versementer fënnt een oft antisemitesch Kommentären. En neie Mouvement, d'Action française, gëtt am Abrëll 1898 vum Henri Vaugeois a Maurice Pujo gegrënnt. Dëse Mouvement vertrëtt d'These vun engem "integralen Nationalismus" (Charles Maurras), engem Nationalismus dee monarchistesch, kleresch an antiparlementaristesch ass. Dës nationalistesch Riets mécht virun allem duerch Gewalt op sech opmierksam. Vu Januar 1898 un heefe sech d'Manifestatiounen an d'Onrouen zu Nanzeg, Rennes an Alger.

Am Juni 1898 grënnen d'Partisane vum Dreyfus d'Ligue française de défense des droits de l'homme et du citoyen. Eng Parti Sozialisten, wéi zum Beispill d'Partisane vum Jules Guesde, sinn awer net der Meenung dass een den Dreyfus verdeedege misst, ëmmerhin kënnt hien aus enger räicher guttbiergerlecher Famill. D'Republikaner loosse sech awer schlussendlech all mobiliséieren, well d'Géigner vum Dreyfus ufänken, eng Gefor fir d'Republik duerzestellen.

Si vereenegen sech ënnert dem René Waldeck-Rousseau, President vum Conseil den 22. Juni 1899. D'Cheffe vun den Anti-Dreyfus-Lige gi festgeholl. Dem Dreyfus seng Verurteelung gëtt 1899 fir net valabel erkläert, an de Prozess gëtt nei opgerullt. Hie gëtt eng zweete Kéier schëlleg gesprach mee vum President Loubet begnadegt. Den 12. Juli 1906 gëtt hie rehabilitéiert. 1908 gouf hie bei engem Attentat blesséiert, wéi dem Zola seng Äschen an de Panthéon bruecht goufen. Nom Éischte Weltkrich gouf den Dreyfus Lieutenant-Colonel ass 1935gestuerwen ouni jeemols e Wuert géint d'franséisch Justiz gesoot ze hunn.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Marcel Thomas, L'Affaire sans Dreyfus. Fayard, Paräis, 1961.
  • Mathieu Dreyfus, "Dreyfusards !" : souvenirs de Mathieu Dreyfus et autres inédits, Gallimard et Julliard, Kollektioun « Archives » n° 16, Paräis, 1978.
  • Mathieu Dreyfus, L'Affaire telle que je l'ai vécue. Bernard Grasset, Paräis, 1978.
  • Jean-Denis Bredin, L'Affaire. Fayard, Paräis, 1983.
  • Monique Delcroix, Dreyfus-Esterhazy : réfutation de la vulgate. Éditions de L'Æncre, Paräis, 2000.
  • Vincent Duclert, Die Dreyfusaffäre, Militärwahn, Republikfeindschaft, Judenhaß, Berlin 1994.

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com