ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Aischylos - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Aischylos

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Aischylos
Den Aischylos

Den Aischylos, (griichesch Αισχύλος), och Eeschylos, Aeschylos, oder Æschylos geschriwwen, (* 525/524 v. Chr. zu Eleusis, Attika; † 456 v. Chr. zu Gela op Sizilien), war en Tragediendichter aus dem ale Griicheland.

Nieft dem Euripides an dem Sophokles war den Aischylos de wichtegsten Tragediendichter an der griichescher Antikitéit.

Den Aischylos koum als Jong vum Euphorion an enger aler Adelsfamill op d'Welt. Als jonke Mann huet hien de Stuerz vun der Tyrannis vun de Bouwe vum Peisistratos an d'demokratesch Reforme vum Kleisthenes materliewt. Scho fréi huet hie sech fir d'Drame vu Choirilos a Pratinas begeeschtert, souwéi fir d'Dichtkonscht vun Agathokles an Apollodor. Eng Legend erzielt, datt den Dionysos selwer hien am Dram zum Dichter gemaach huet. Bei senge fréie Stécker huet hien och selwer als Schauspiller matgemaach. Am Alter vu fënnefanzwanzeg Joer huet hie bei den Dionysien, engem Dichterconcours zu Athen, matgemaach, mee huet awer net gewonnen.

Als Zaldot war hie 490 v. Chr. fir Athen bei der Schluecht vu Marathon géint d'Perser derbäi, wou hie säi Brudder verluer huet. No der Zerstéierung vun Athen am Joer 480 v. Chr. ass hien op engem vun de griichesche Krichsschëffer un der Schluecht vu Salamis bedeelegt.

Hien ass e puermol op Sizilien gereest, sou och 475 v. Chr. nodeems de Kinnek Hieron I. vu Syrakus hien agelueden hat, an huet hei Bekanntschaft mat de Lyriker Simonides, Pindar a Bakchylides gemaach. Fir de Kinnek Hieron huet hien d'Festspill Aitnaiai (lëtz.: D'Ätnäerinnen) geschriwwen.

Zeréck zu Athen huet 472 v. Chr. d'Drama Persai Premiere, an deem hien op eng dramatesch Art a Weis seng Krichserfahrunge verschafft huet, an hie gewënnt domadder den éischte Präis bei den Dionysien. Am Wettsträit mam Sophokles muss hie sech am Joer 468 v. Chr. geschloe ginn, mee kann awer um Enn vu sengem Liewen op dräizéng Victoire bei den Dionysien zeréckkucken.

Vu senger leschter Sizilierees ass den Aischylos net méi zeréckkomm. Hien ass ëm 456 v. Chr. zu Gela gestuerwen, wou hien och begruewe läit. Laut der Legend gouf hien duerch eng Deckelsmouk erschloen, déi en Adler fale gelooss hat. D'Epigramm op sengem Graf seet folgendes:

Αἰσχύλον Εὐφορίωνος Ἀθηναῖον τόδε κεῦθει Den Aischylos läit hei begruewen, de Jong vum Euphorion, dem Athener.
μνῆμα καταφθίμενον πυροφόροιο Γέλας· An der fruuchträicher Stad Gela huet den Doud hie bezwongen.
ἀλκὴν δ' εὐδόκιμον Mαραθώνιον ἄλσος ἄν εἴποι Mee vu senger Kraaft ass den Hain zu Marathon Zeien, dee berühmten,
καὶ βαθυχαιτήεις Μῆδος ἐπιστάμενος. Wou de Perser mat de ville Krauselen si préife konnt.

Zu Athen gouf no der Noriicht vu sengem Doud beschloss, seng Dramen och weiderhinn (ausser Konkurrenz) un de Concoursen deelhuelen ze loossen.

Déi wichtegst Quelle fir d'Liewe vum Aischylos sinn eng iwwerliwwert Liewensbeschreiwung a verschiddenen Texthandschrëften, den Artikel am byzantinesche Lexikon Suda an d'Artikelen 48, 50 a 59 an der Parescher Chronik, dem sou genannte Marmor Parium.

Am Joer 406 v. Chr. huet den Aristophanes a senger Komödie Bátrachoi den Aischylos am Wettsträit mat dem Euripides zu engem Vertrieder vun enger aler Zäit an zum Virbild vum trageschen Dichter gemaach. An der Mëtt vum 4. Joerhonnert v. Chr. gouf seng Statu nierwt dene vu Sophokles an Euripides am Theater vum Dionysos opgestallt.

Seng Aféierung vun engem zweete Schauspiller huet duerch den Dialog, deen esou méiglech war, de griicheschen Theater revolutionéiert. Mee och duerch Sprooch, Stil an d'Wahl vum Mythos als Thema vun der griichescher Tragedie huet den Aischylos seng Nofolger staark beaflosst. Seng Charaktere ware keng gewéinlech Mënschen aus dem Vollek, mee hu sech duerch iwwermënschlech Leidenschaft a Charakterstäerkt, awer och duerch hir Sprooch erfirgehuewen.

[Änneren] Säi Wierk

[Änneren] Erhale Wierker

No der Iwwerliwwerung ginn nonzeg Dramen op den Aischylos zeréck, vun denen awer nëmmen néngasiwenzeg dem Numm no bekannt sinn. Déi besonnesch héich gelueften zwanzeg Satyrspiller si verluergaangen, vun den Tragedie sinn der nëmme siwe vollstänneg erhalen. Vu senge Fréiwierker bis zu der Trilogie Orestie, déi hie kuerz viru sengem Doud fäerdeggestallt huet, kann een eng däitlech kënschtlecher Entwécklung gesinn.

[Änneren] Fragmenter

  • Aigyptioi (463 v.Chr.)
  • Aitnaiai (D'Ätnäerinnen)
  • Amymone (Satyrspill, 463 v.Chr.)
  • Argeioi
  • Argo
  • Athamas
  • Bacchai
  • Bassarai
  • Danaides (463 v.Chr.)
  • Diktyoulkoi (Satyrspill)
  • Edonoi
  • Eleusinioi
  • Epigonoi
  • Glaukos Pontios
  • Glaukos Potnieus (472 v.Chr.)
  • Heliades
  • Herakleidai
  • Hiereiai
  • Iphigeneia
  • Ixion
  • Kabeiroi
  • Kares / Europe
  • Kressai
  • Laios (467 v.Chr.)
  • Leon
  • Lykourgeia
  • Lykourgos
  • Memnon
  • Myrmidones (D'Myrmidonen)
  • Mysoi (D'Nyser)
  • Neaniskoi
  • Nemea
  • Nereides
  • Niobe
  • Oidipous (467 v.Chr.)
  • Oplon Krisis
  • Oreithyia
  • Ostologoi
  • Palamedes
  • Pentheus
  • Perraibides
  • Penelope
  • Philoktetes
  • Phineus (472 v.Chr.)
  • Phorkides
  • Phryges / Hektoros Lytra
  • Prometheus Lyomenos
  • Prometheus Pyrkaios (472 v.Chr.)
  • Prometheus Pyrphoros
  • Proteus (458 v.Chr.)
  • Psychagogoi
  • Psychostasia
  • Salaminiai
  • Semele / Hydrophoroi
  • Sisyphos Drapetes
  • Sisphos Petrokylistes
  • Sphinx (467 v.Chr.)
  • Telephos
  • Theoroi / Isthmiastai
  • Threissai
  • Toxotides
  • Trophoi
  • Xantriai

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Aischylos – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia zum antike Griicheland.
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com